
Den 20 Joer ale Spiller vum FSV Mainz 05 gouf elo vun der Corona-Kris gebremst.
De Mëttelfeldspiller, dee mat 16 Joer schonn éischt Ekipp zu Ierpeldeng gespillt huet, hat virun der Wanterpaus mam Trainer Sandro Schwarz keen einfache Stand. Den neie Mann um Trainerstull, den Achim Beierlorzer, huet dem Lëtzebuerger Nationalspiller awer dunn an der Réckronn vertraut. A 7 Matcher goufen et zwou Victoiren, zwee Remisen an 3 Defaiten.
“Et ass wouer, datt den Ufank vun der Saison net einfach war, obwuel ech all Training meng Leeschtung bruecht hunn. Et ass heiansdo schwéier, d’Entscheedung vum Trainer ze verstoen. Et muss een dat awer akzeptéieren. Et muss ee weider u sech schaffen. Du krut ech meng Chance an hu se genotzt.”, esou de Leandro Barreiro.
D’Ufankszäit vun der Corona-Kris, Mëtt Mäerz, war och net einfach fir den zentrale Mëttelfeldspiller.
“Ech war elo 3 Wochen doheem ouni Training. Mir krute gesot virum Match géint Köln, datt mer net géife spillen, et war e Schock fir eis, mir haten net domat gerechent. Et muss een et awer akzeptéieren.”
Zanter Ufank Abrëll trainéiert d’Ekipp vun der éischter däitscher Bundesliga awer nees zesummen, natierlech a klenge Gruppen, an ënner strenge Reegelen.
“Den Training ass anescht wéi gewinnt, well mer keng Dueller maachen, mir passen och op, datt mer en Ofstand vun 1,5 Meter hunn.”
An Däitschland gëtt domat gerechent, datt een elo fréistens de 16. Mee nees ka spillen, natierlech ouni Spectateuren.
“Lo no der laanger Paus kann alles geschéien, déi uewe kënnen elo ufänken, Matcher ze verléieren, déi ënne kënnen ufänken, Matcher ze gewannen. Et muss een elo kucken, wie sech am Beschten dorop preparéiert huet.”
An der däitscher Futtballzeitung Kicker war elo virun zwou Wochen en Artikel iwwert de Leandro Barreiro. Als Opsteiger vun der Saison beim Mainz 05 gouf de 16-fache Lëtzebuerger Nationalspiller bezeechent. Mat sengem Talent a senger Astellung dierft een de gebiertegen Ierpeldenger och bei der Reprise vum Championnat dacks um Terrain gesinn.
