BundesligaLeandro Barreiro verlängert fréizäiteg beim FSV Mainz 05

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller huet säi Vertrag zu Mainz, deen nach bis 2022 lafe sollt, fréizäiteg ëm zwee Joer bis 2024 verlängert.
© AFP

Am Laf vun dëser Saison huet den 21 Joer ale Lëtzebuerger sech zum Stammspiller entwéckelt a war deemno e wichtege Bestanddeel vum FSV Mainz 05. Mëttlerweil huet de Barreiro schonns 50 Matcher an der Bundesliga um Bockel, dobäi hat hien eréischt am Februar 2019 säin Debut ginn.

D’Verlängerung vum Kontrakt weist d’Zefriddenheet an d’Vertrauen op béide Säiten, esouwuel beim Spiller wéi och beim Veräin. Bei de Mainzer, déi eng phenomenal Réckronn gespillt hunn, ass een iwwerdeems och méi wéi zefridde mat der Entwécklung vum jonke Lëtzebuerger.

Och den Trainer, de Bo Svensson, fënnt nëmme positiv Wierder fir de Leandro Barreiro. De Svensson kennt de Leandro Barreiro jo schonns vu senger Zäit, wéi hien Trainer vun der U19 war. De Lëtzebuerger wier schonns ëmmer professionell an éiergäizeg gewiescht a wier trotz seng grousse Potential ëmmer bereet, haart ze schaffen. Hie wier en Teamplayer, dee fir d’Ekipp an d’Fans op all Training an an all Match géing alles ginn.

De Barreiro, deen zanter 2016 zu Mainz ausgebilt gëtt, seet selwer, datt hie sech immens wuel fillt zu Mainz a sech zu 100% mam Veräin kéint identifizéieren. Hie géing d’Vertraue vun der Ekipp, dem Trainer an dem ganze Veräin spieren, deemno wier et e logesche Schratt, fir zu Mainz ze bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO