Internationale FuttballLeeds United knëppt Manchester City 2 Punkten of

RTL Lëtzebuerg
Everton wënnt géint Brighton a Chelsea huet Crystal Palace 4:0 geklappt. A Spuenien huet sech Atlético Madrid mat Villareal d'Punkte gedeelt.
© AFP

Am internationale Futtball stoungen um Samschdeg eng sëlleg Matcher um Programm. An der däitscher Futtball-Bundesliga war et den 3. Spilldag. Den Detail vun de Matcher fannt dir hei. An der Premier League huet Chelsa Cyrstal Palace 4:0 geklappt an a Spuenien deelt sech Atlético Madrid Punkte mat Villarreal.

Premier League

Chelsea - Crystal Palace 4:0
1:0 Chilwell (50'), 2:0 Zouma(66'), 3:0 Jorginho (78'), 4:0 Jorginho (82')

Och am Match géint Crystal Palace hat Chelsea an der 1. Hallschent vill Problemer a konnt sech ausser 2 Chancë keng geféierlech Aktiounen erausspillen. An deenen zweete 45 Minutte sollt et dunn awer aneschters verlafen. De Chilwell huet an der 50. Minutt aus 5 Meter an de Gol geschoss. Hie sollt och mat enger flotter Flank de 2:0 vum Zouma virbereeden. De Jorginho huet mat engem Doppelpack de Sack zougemaach. Chelsea huet no 4 Matcher elo 7 Punkten um Konto.

Everton - Brighton 4:2
1:0 Calvert-Lewin (16'), 1:1 Maupay (41'), 2:1 Mina (45+2'), 3:1 James (52'), 4:1 James (70'), 4:2 March (90+2')

Everton bleift weider a ganz gudder Form. Géint Brighton huet d’Ekipp vum Carlo Ancelotti hir 4. Victoire am 4. Match konnte féieren. James Rodriguez a Calvert-Lewin hunn alt erëm e ganz gudde Match gewisen a ganz d’Ekipp matgerappt.

Leeds - Manchester City 1:1
0:1 Sterling (17'), 1:1 Rodrigo (59')

Manchester City ass weiderhin net a Top Form. Och géint Leeds United konnt d’Ekipp vum Pep Guardiola net iwwerzeegen. Nom Féierungsgol duerch de Sterling ass Leeds awer ëmmer besser ginn an den Ederson misst zwee mol fir City retten. Och an der zweeter Hallschent war Leeds méi engagéiert an esou hunn si sech an der 59. Minutt duerch de Rodrigo belount, woubäi hei den Ederson am Gol vu Manchester City awer net gutt ausgesinn huet. An de Schlussphase ass et hin an hir gaangen, e Gol sollt enger Ekipp awer net méi geléngen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Crotone 4:1
1:0 Berardi (19'), 1:1 Simy (49'), 2:1 Caputo (58'), 3:1 Caputo (85'), 4:1 Locatelli (90+3')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lens - St. Etienne 2:0
1:0 Kakuta (15'), 2:0 Sotoca (81')

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atletico Madrid - Villarreal 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO