
An der däitscher Bundesliga war et e Freideg den Owend den Optakt vum 3. Spilldag. Hei stounge sech d’Borussia vu Mönchengladbach géigeniwwer. Am franséische Championnat hat fir de Kont vum 4. Spilldag den Opsteiger Metz de Champion Paris St- Germain op Besuch.
Borussia Mönchengladbach - RB Leipzig 1:3
E Freideg den Owend huet sech Leipzig duerch dräi Goler vum Werner an der 38., der 47. an an der 4. Minutt vun der Nospillzäit mat 3:1 bei der Borussia vu Mönchengladbach duerchgesat. Fir Gladbach hat den Embolo an der éischter Minutt vun der Nospillzäit op 1:2 verkierzt.
An den éischte 45 Minutte war et u sech d’Lokalekipp, déi mat méi Engangement opgetrueden ass. Virum Gol huet de Spiller vum Rose allerdéngs déi néideg Konsequenz gefeelt. Bei de Gäscht war dat anescht. An der 38. Minutt huet Leipzig fir d’éischte Kéier op de géingeresche Gol geschoss an direkt dat ronnt Lieder eragesat. De Werner hat sech am 16-Meter-Raum géint de Ginter duerchgesat an hat dunn de Ball tëscht de Been vum Sommer erduerch verwandelt.
Kuerz nom Upëff vun der zweeter Hallschent gouf Gladbach eng zweete Kéier kal erwëscht. An der 48. Minutt huet de Werner fir den 2:0 gesuergt. Trotz dem Virsprong vun de Gäscht ass et bis zum Schluss spannend bliwwen. Op béide Säite gouf et gutt Chancen, ma et huet bis d’Nospillzäit gedauert bis e weidere Gol gefall ass. Den Embolo huet am Ufank vun de 4 Minutten mam Kapp op 1:2 fir Gladbach verkierzt. D’Haushären hunn du gedréckt a wollten onbedéngt den Ausgläich, ma nodeems den Embolo de Ball ganz knapp iwwert de Gol gekäppt hat, huet de Werner mat sengem drëtte Gol de Sak zougemaach, sou datt Leipzig mat 3:1 auswäerts géint Gladbach gewënnt.
Leipzig huet domadder de Maximum vun 9 Punkten um Konto. Bei de Gladbacher gesäit et dogéint net esou gutt aus. Zanter dem 26. Januar a mëttlerweil 10 Matcher hu si net méi doheem gewonnen.
FC Metz - Paris St. Germain 0:2
A Frankräich gouf et fir de Kont vum 4. Spilldag déi erwaarte Victoire vum PSG zu Metz. An der 11. Minutt war de Champion duerch een Eelefmeter vum Di Maria mat 1:0 a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus hat de Choupo-Moting op 2:0 erhéicht. An den zweete 45 Minutten ass kee weidere Gol méi gefall, sou datt de PSG souverän 2:0 beim Opsteiger Metz gewonnen huet.
De Resumé vum Match fannt Dir bei eise Kollege vum 5minutes.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga