BundesligaLeipzig an Hoffenheim deelen 1:1

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend um 20.30 Auer gouf nach déi leschte Partie vum 23. Spilldag an der däitscher Bundesliga ugepaff.

Hei stounge sech an der Red Bull Arena RB Leipzig an d’TSG Hoffenheim géigeniwwer. Iwwerdeems d’Haushären déi drëtte Plaz envisagéieren, wollt Hoffenheim probéieren, an der Course ëm Europa den Uschloss net ze verléieren.

Deemno hunn e Méindeg den Owend béid Ekippen onbedéngt eng Victoire gebraucht. Virun dëser Partie ware béid Ekippen zanter 4 Matcher an der Liga ongeschloen.

Um Enn profitéiert kee vum Resultat: 1:1, och wa se béid ongschloe bleiwen.

An der éischter Halschent huet Hoffenheim dominéiert, wat an der 22. Minutt duerch ee Gol vum Kramaric belount ginn ass.

An den zweete 45 Minutten hat Leipzig méi vum Spill, ma si schéissen den 1:1 réischt an der 89. Minutt duerch den Orban.

LINK: Alleguerten d’Resultater an d’Tabell aus der Bundesliga am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO