
Frankfurt huet doheem Hoffenheim geklappt a Bremen Bielefeld. Stuttgart deelt sech mat Leverkusen d’Punkten.
Um Freideg den Owend huet um Optakt vum 3. Spilldag an der Futtball-Bundesliga de FSV Mainz mat 0:4 bei Union Berlin verluer. De Leandro Barreiro huet déi 90 Minutte missen op der Bank Plaz huelen.
RB Leipzig - FC Schalke 4:0
1:0 Bozdogan (31'), 2:0 Angelino (35'), 3:0 Orban (45+2'), 4:0 Halstenberg (80')
Och mam neien Trainer Manuel Baum sollt Schalke eng weider Néierlag astiechen. Schalke huet wuel gutt ugefaange, mä am Laf vun der éischter Hallschent huet d’Lokalekipp hir Klass ënner Beweis gestallt. Op Säite vun deene Kinneksblo misst dann och nach Serdar verletzungsbedéngt ausgewiesselt ginn. Hätt Leipzig virum Gol vu Schalke nach méi konzentréiert a konsequent gespillt, wier Néierlag vun de Gäscht nach méi héich ausgefall. Leipzig ass elo neie Leader an der Tabell.
Borussia Dortmund - SC Freiburg 4:0
1:0 Haaland (31'), 2:0 Can (47'), 3:0 Haaland (65'), 4:0 Passlack (90+2')
Laang huet et gedauert, bis Dortmund senger Favoritteroll gerecht ginn ass. Freiburg huet déif gestanen an huet Dortmund kee Raum gelooss. An der 31. Minutt war et dunn den Haaland, deen nom Zouspill vum Reyna, de Ball äiskal an de lenks Eck geschoss huet. Nom Gol huet Dortmund vill méi schnell a dynamesch gespillt, sou dass d’Féierung zur Paus verdéngt war.
Kuerz nom Téi war et den Emre Can, dee mam Kapp no engem Corner vum Reyna de Score op 2:0 gesat huet. Dortmund war weider déi besser Ekipp an de gutt opgeluechte Reyna huet an der 66. Minutt erëm de Haaland ugespillt, deen de Ball an de Filet gesat huet. An der Nospillzäit war et den agewiesselte Passlack, dee fir d’Schlussresultat gesuergt huet.
1. FC Köln - Borussia Mönchengladbach 1:3
0:1 Plea (14'), 0:2 Lainer (16'), 0:3 Stindl (56'), 1:3 Rexhbecaj (84')
Gladbach huet de Rhäin-Derby mat 100 à l’heure ugefaangen an hat eng gutt Chance no der anerer. An der 14. Minutt huet de Plea dunn d’Mauer gebrach an nom Zouspill vum Hofmann den 1:0 markéiert. Nëmmen 2 Minutten dorops war et de Lainer deen no engem Corner op 2:0 erhéije konnt. Köln ass dono wuel e bësse besser an de Match komm, dat awer virun allem, well d’Gäscht zwee Gäng zeréckgeschalt hunn.
An der 56. Minutt huet de Kölner Ehizibue den Thuram am Strofraum gefoult, sou dass den Arbitter op de Punkt gewisen huet. De Stindl huet dem Horn keng Chance gelooss an esou fir d’Virentscheedung gesuergt. Köln ass an der 84. Minutt wuel nach de Uschlossgol gelongen, um Resultat sollt dat awer näischt méi änneren. Verdéngte Victoire fir Gladbach.
Eintracht Frankfurt - TSG Hoffenheim 2:1
0:1 Kramaric (18'), 1:1 Kamada (54'), 2:1 Dost (71')
Béid Ekippe si gutt an de Match komm, och wann Frankfurt an den Ufanksminutten e bësse méi vum Match hat. An der 18. Minutt war et dunn awer keen anere wéi de Kramaric, deen den 1:0 fir d’Gäscht markéiere konnt. Am Strofraum behält de Kroat d’Rou, léisst 3 Frankfurter stoen a placéiert de Ball mat ganz vill Gefill an de lénksen Eck. Super Gol vum TSG-Stiermer. Mat 1:0 fir Hoffenheim ass et an d’Paus gaangen.
Frankfurt ass besser aus der Kabinn komm a war direkt gewollt den Ausgläich ze markéieren. An esou war et de Kamada, deen de verdéngten Ausgläich an der 54. Minutt geschoss huet. Béid Ekippen haten duerch Dost a Kramaric weider Chancen a Féierung ze goen. An der 71. Minutt war et awer de Dost, deen no engem Kuddelmuddel am Strofraum den Iwwerbléck behalen huet an den entscheede Gol vum Dag markéiere konnt.VFB Stuttgart - Bayer Leverkusen 1:1