
E Freideg den Owend stoung déi éischt Halleffinall am däitschen DFB-Pokal um Programm. Leipzig konnt sech géint Bremen den éischten Ticket fir d’Finall sécheren. Nodeems et no 90 Minutten nach 0:0 stoung, ass et an d’Verlängerung gaangen. Hei huet de Hwang d’Gäscht an der 93. Minutt a Féierung bruecht. An der 105. Minutt huet Bremen duerch de Bittencourt ausgeglach. Sekonne viru Schluss konnt de Forsberg nach den decisiven 2:1 schéissen.
No 7 Néierlagen an der Bundesliga an dem batteren Out am DFB-Pokal hunn déi Verantwortlech vu Werder Bremen e Freideg den Owend spéit matgedeelt, datt ee weiderhin um Trainer Florian Kohfeldt festhält.
Leipzig hat de bessere Start an de Match a wollt fréi a Féierung goen. Wat de Match awer méi laang gedauert huet, wat Bremen et besser fäerdeg bruecht huet, fir Leipzig an Zweekämpf ze verwéckelen a se och an der Defense ze fuerderen. Bannent den éischte 45 Minutte sollt awer kenger Ekipp e Gol geléngen, sou datt et mam 0:0 an d’Paus gaangen ass.
Nom Säitewiessel huet Leipzig den Tempo erhéicht an huet Bremen zolidd ënner Drock gesat. Ëmmer nees hunn d’Gäscht sech geféierlech Chancen erausgespillt. An der Mëtt vun der zweeter Hallschent ass Bremen nees besser ginn, konnt sech liicht befreien an och selwer nees aktiv um Spill deelhuelen. E Gol sollt awer net falen, esou datt et an d’Verlängerung gaangen ass. Bremen konnt sengem Golkipper Merci soen. Duerch e puer staark Paraden huet de Pavlenka fir Bremen d’Verlängerung iwwerhaapt méiglech gemaach.
An der 93. Minutt ass dunn endlech den éischte Gol gefall. De Hwang huet d’Ekipp vum Nagelsmann a Féierung bruecht. Bremen konnt allerdéngs reagéieren an esou huet de Bittencourt an der 105. Minutt ausgeglach. Kuerz virum Enn vun der Verlängerung ass Leipzig nach den decisive Gol gelongen. De Forsberg huet den 2:1 geschoss an esou d’Finall perfekt gemaach.
E Samschdeg den Owend gëtt déi zweet Halleffinall vum DFB-Pokal gespillt. Hei sti sech vun 20.30 Auer un Borussia Dortmund an Holstein Kiel géintiwwer.