Nations LeagueLëtzebuerg behaapt sech mat 2:0 géint Zypern

RTL Lëtzebuerg
Am drëtte Match vun der Nations League huet den Danel Sinani mat sengen zwee Goler déi nächst 3 Punkte fir Lëtzebuerg geséchert.
Lëtzebuerg klappt Zypern mat 2:0
An der Nations League gouf et fir d’Rout Léiwen um 3. Spilldag 3 Punkten.

Am Stade Josy Barthel ass Lëtzebuerg eng 2:0-Victoire géint Zypern gelongen a steet domat an der Tabell mat 6 Punkten op der 2. Plaz. Am anere Match vum Grupp konnt sech Montenegro och mat 2:0 géint Aserbaidschan behaapten an ass sou mat 9 Punkten no 3 Matcher Tabelleleader.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

D'Stëmmen nom Match géint Zypern
D’Stëmmen nom Match géint Zypern

Resumé vum Match Lëtzebuerg-Zypern

Béid Ekippen hu sech net all ze vill Zäit gelooss fir an de Match ze fannen a sou ass et no zwou Minutte scho fir Zypern an och fir Lëtzebuerg zu enger offensiver Golchance komm. Déi Rout Léiwen hunn hire Géigner fréi gestéiert a sou ass et no engem Ballgewënn an der 12. Minutt och ganz séier no vir gaangen. De Vincent Thill huet de Ball an de Laf vum Sinani gespillt, dee virum Golkipp d’Nerve behalen huet a sou Lëtzebuerg mat 1:0 a Féierung brénge konnt.

Den 1:0 duerch den Danel Sinani an der 12. Minutt.
Den Danel Sinani huet virum Gol d’Nerve behalen an op 1:0 gestallt.

Lëtzebuerg huet genau sou weider gemaach an ass dann no 27 Minutten eng zweete kéier belount ginn. De Vincent Thill hat et mat engem Schoss aus der Distanz probéiert, deen de Golkipp zwar paréieren, awer net festhale konnt. Dovun huet den Danel Sinani profitéiert an de Ball am Noschoss iwwert d’Linn gedréckt.

Den 2:0 duerch den Danel Sinani an der 26. Minutt
Den Danel Sinani huet mat sengem zweete Gol vum Match op 2:0 gestallt.

Kuerz virun der Paus war et dann eng drëtte kéier den Danel Sinani, deen dem Golkipp mat engem stramme Schoss keng Chance gelooss huet. Allerdéngs stoung beim Schoss den Dirk Carlson indirekt am Abseits, sou dass de Gol net gezielt huet. Mat enger verdéngter 2:0-Féierung ass et also an d’Paus gaangen.

De Resumé vun der 1. Hallschent.
Lëtzebuerg ass mat enger verdéngter 2:0-Féierung an d’Paus gaangen.

Am zweeten Duerchgang huet sech Lëtzebuerg da bësse méi schwéier gedoen an et ass zu méi Fehlpäss komm, wéi dat nach an den éischte 45 Minutten de Fall war. De Gäscht aus Zypern ass et awer net méi gelongen de Réckstand opzehuelen a sou wënnt Lëtzebuerg zum Schluss mat 2:0 am Stade Josy Barthel. Domat steet Lëtzebuerg elo an der Tabell mat 6 Punkten op der 2. Plaz hannert Montenegro, dee bis elo dräi Matcher gewanne konnt.

De Resumé vun der 2. Hallschent
Am zweeten Duerchgang huet sech un der 2:0-Féierung fir Lëtzebuerg näischt geännert.

Nom Match huet sech d’FLF-Formatioun zesumme mam M-Block un den Dave Turpel geriicht, deen de leschte Weekend an e schroen Autosaccident verwéckelt war.

D'Ekipp weist nom Match Solidaritéit mam Dave Turpel
D’FLF-Formatioun huet sech nom Match mam Trikot vum Dave Turpel virun den M-Block gestallt.

Message vun RTL.lu: Et ka sinn, dass aktuell verschidde Videoen net kënnen ofgespillt ginn. Mir entschëllegen eis dofir a schaffen un enger Léisung vum Problem.

Den Iwwerbléck mat de Resultater

Fir weider Detailer an d’Tabelle klickt hei.

Back to Top
CIM LOGO