Nations LeagueLëtzebuerg belount sech fir staark Leeschtung a wënnt am Montenegro 2:1

RTL Lëtzebuerg
De Muratovic hat virun der Paus fir d'Lëtzebuerger op 1:1 ausgeglach a kuerz viru Schluss huet de Sinani mam 2:1 fir d'Victoire gesuergt.
Nations League
De Muratovic hat virun der Paus fir d’Lëtzebuerger op 1:1 ausgeglach a kuerz viru Schluss huet de Sinani mam 2:1 fir d’Victoire gesuergt.

Resümmee Montenegro-Lëtzebuerg / Reportage Serge Olmo

Lëtzebuerg huet sech en Dënschdeg den Owend an der Nations League fir eng staark Leeschtung belount an de Match am Montenegro verdéngt mat 2:1 gewonnen. No der onglécklecher 0:1-Defaite am Allersmatch huet een domadder den direkte Verglach géint de Montenegro gewonnen an huet déi éischt Plaz an der Tabell am Grupp 1 an der Liga C iwwerholl. Zwee Matcher bleiwen an der Gruppephas nach ze spillen.

No engem Feeler vun de Lëtzebuerger war de Montenegro duerch e Gol vum Ivanovic an der 33. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. Nach virun der Paus ass de Roude Léiwen eng Reaktioun gelongen. De Muratovic huet a sengem éischte Match fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp an der 42. Minutt op 1:1 ausgeglach.

An den zweete 45 Minutten huet Lëtzebuerg weider konzentréiert gespillt a kaum eppes vu Montenegro zougelooss. Kuerz viru Schluss huet ee sech fir dës staark Leeschtung belount. De Sinani huet mat sengem Gol an der 86. Minutt fir d’Decisioun gesuergt.

Am zweete Match en Dënschdeg den Owend an der Liga C am Grupp1 hu sech den Aserbaidschan an Zypern mat engem 0:0 getrennt.

Resümmee vum Match Aserbaidschan - Zypern
D’Partie tëscht béide Veräiner ass mat engem 0:0 ausgaangen.

En Dënschdeg den Owend ass och nach de Ball an der Liga A an an der Liga D gerullt. Ënnert anerem Däitschland huet sech mat engem 3:3 géint d’Schwäiz missen zefridde ginn an d’Ukrain huet Spuenien mat 1:0 geklappt. Alleguer d’Goler fannt Dir hei.

Reaktioune vun de Lëtzebuerger

Reaktioune vun de Lëtzebuerger
Den Nationaltrainer Luc Holtz, de Laurent Jans, den Edvin Muratovic an den Danel Sinani am RTL-Interview.

Resümmee vum Match Montenegro - Lëtzebuerg

En Dënschdeg den Owend war d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp an der Nations League auswäerts géint de Montenegro gefuerdert. Am Verglach mam Match géint Zypern, deen d’Rout Léiwen e Samschdeg mat 2:0 gewonnen haten, hat de Luc Holtz zwou Verännerungen am Kader virgeholl. Fir de gespaarte Selimovic stoung de Skenderovic um Terrain an den Oli Thill huet missen op der Bänk Plaz huelen, fir hien ass de Muratovic an de Kader geréckelt.

Lëtzebuerg huet e bësse gebraucht, fir an de Match ze kommen. No an no huet een awer d’Kontroll kritt. D’Montenegriner hu wéi erwaart op laang Bäll no vir gesat. D’Rout Léiwen hunn allerdéngs hir Presenz gewisen a konnte sou geféierlech Chancë verhënneren. No enger hallwer Stonn war de Ballbesëtz tëscht béiden Ekippen ausgeglach, ma d’Lëtzebuerger haten déi méi kloer Aktiounen, och wann déi 100-Prozenteg Chancen nach gefeelt hunn.

Vun Ufank u war awer gewosst, datt Jovetic a Co ganz geféierlech kéinte ginn an dat war dunn och an der 33. Minutt de Fall. No engem schlechte Pass vum Barreiro op de Sinani, deen dësen net konnt kontrolléieren, ass et séier gaangen. D’Montenegriner sinn un de Ball komm an du war et den Ivanovic, deen eng Flank vum Jovetic mam Kapp verwandelt huet. Domadder stoung et 1:0 fir de Montenegro.

Nom Réckstand hunn d’Lëtzebuerger konzentréiert weidergespillt an esou konnte si nach virun der Paus op 1:1 ausgläichen. De Muratovic huet an der 42. Minutt de Gol markéiert.

Déi bescht Zeenen aus der éischter Hallschent
No 45 Minutte stoung et 1:1 tëscht Montenegro a Lëtzebuerg.

Bei schwieregen Terrainskonditiounen waren och déi zweet 45 Minutte ganz kierperbetount. D’Lëtzebuerger wollten no der onglécklecher 0:1-Néierlag am Allersmatch onbedéngt nach ee weidere Gol markéieren, fir den direkte Vergläich mat Montenegro fir sech ze entscheeden. D’Rout Léiwen hunn d’Montenegriner dann och ëmmer nees ënner Drock gesat a stounge gutt, sou datt der Lokalekipp kaum eppes agefall ass.

De Lëtzebuerger huet et awer och iwwer wäit Strecken un den néidegen 100-Prozentege Chancë gefeelt. De Sinani hat zwee gutt Versich, eng Kéier duerch e Fräistouss an eng Kéier no engem Schoss aus der Distanz, ma de Ball wollt net an de Gol goen. An der 86. Minutt souz dunn awer e Schoss vum Sinani. De Lëtzebuerger, deen eng staark Leeschtung gewisen huet, huet seng Ekipp verdéngt mat 2:1 a Féierung bruecht.

Den 2:1 vu Lëtzebuerg
An der 86. Minutt ass Lëtzebuerg duerch de Sinani mat 2:1 a Féierung gaangen.

Um Enn sollt et beim verdéngten 2:1 fir Lëtzebuerg bleiwen. Och wann et an der Schlussphas nach emol ganz hëtzeg war. D’Montenegriner krute mam Jankovic an dem Simic zwee Spiller vum Terrain gesat. Op Lëtzebuerger Säit krut den Oli Thill déi Rout Kaart gewisen.

Déi bescht Zeenen aus der zweeter Hallschent
Lëtzebuerg huet duerch eng staark Leeschtung mat 2:1 am Montenegro gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO