FuttballfederatiounLëtzebuerg géint Schottland ausverkaf

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'FLF e Samschdeg matdeelt huet, goufen déi 850 Tickete fir de Match tëscht Lëtzebuerg a Schottland a manner wéi 24 Stonnen verkaf.
© pressephoto (Archiv)

Fir de Frëndschaftslännermatch de 6. Juni tëscht Lëtzebuerg a Schottland kënnen vir eng éischte kéier säit laangem nees eng kéier Spectateuren um Match deelhuelen. Dofir hat d’FLF eng 850 Ticketen fir dëse Match, deen am Stade Josy Barthel gespillt gëtt, verkaf. Dës sinn a manner wéi 24 Stonnen verkaf ginn a soumat si keng Ticketen méi ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO