Seat Lëtzebuerg Davis Cup TeamLëtzebuerg klappt Südafrika mat 4:1 a klëmmt an de Weltgrupp 2

Tom Hoffmann
No der Defaite am Dubbel huet den Alex Knaff mat enger Victoire am Simple den Duell géint Südafrika fir Lëtzebuerg entscheet.
Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team
Lëtzebuerg klappt Südafrika mat 3:1 a klëmmt an de Weltgrupp 2

E Sonndeg hat sech am fréie Mëtteg d’Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team mam Chris Rodesch an Alex Knaff zu Esch misse geschloe ginn. Am Playoff fir an de Weltgrupp 2 géint Südafrika hu si am Dubbel mat 4:6, 7:5 an 3:6 de Kierzere gezunn a sou stoung et no den zwou Eenzel-Victoiren e Samschdeg 2:1.

D’Decisioun sollt also an ee vun den zwee Simplë falen. Hei konnt sech den Alex Knaff am Match géint de Kris van Wyk mat 3:6, 6:3 6:4 behaapten an d’Duell vun de Playoffs entscheeden.

De Raphael Cakzi huet de leschte Simple, deen ouni Bedeitung war, mat 6:4 a 7:5 géint den Devin Badenhorst gewonnen. Domat stoung et um Enn 4:1 fir Lëtzebuerg.

D’Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team klëmmt domat an de Weltgrupp 2.

Back to Top
CIM LOGO