Tennis Davis Cup Lëtzebuerg spillt e Freideg um 18 Auer an e Samschdeg vu 14 Auer u géint Ungarn

Yannick Gross
Tom Hoffmann
Am Eenzel spillt den Alex Knaff géint den Zsombor Piros, aktuell d’Nummer 116 vun der Welt. An der zweeter Partie kritt et de Louis Van Herck mam beschte Spiller vun Ungarn ze dinn, dem Fabian Marozsan, aktuell op der 60. Plaz vun der Weltranglëscht.
© FLT
Tennis Davis Cup: Lëtzebuerg-Ungarn
Lëtzebuerg spillt e Freideg um 18 Auer an e Samschdeg vu 14 Auer u géint Ungarn.

Mat Ungarn waart an der Coque ee schwierege Géigner an och d'Virbereedung war dës Kéier opgrond vum Chris Rodesch senger Verletzung net déi einfachst. Et war eng souverän 3-1-Victoire, déi d’Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp viru 7 Méint an der Coque géint d'Ukrain feiere konnt. Belount gouf d'Ekipp dono am Tirage mam staarke Géigner Ungarn.

Gilles Müller (Kapitän): "De Géigner ass ganz staark, um Pabeier si se kloer Favorit. Si hunn ee Spiller dobäi aus der Top 100. Mee mir hunn awer scho méi wéi eng Kéier bewisen, dass mir doheem géint méi staark Ekippen och kënne gewannen."

Ongewëss war allerdéngs déi leschte Méint, ob d'Lëtzebuerger Nummer 1, de Chris Rodesch, iwwerhaapt mat dobäi kéint sinn, dat opgrond vun enger Verletzung am Juli. Elo ass kloer, fir den Eenzel wäert et fir d'Nummer 150 op der Welt sécher net méi duergoen. Fir den Dubbel ee Samschdeg huet een d'Hoffnung awer nach net opginn.

Chris Rodesch:"Ech probéieren, all Dag fit ze ginn, heiansdo hunn ech gutt Deeg, heiansdo méi schlechter. Mee mir maachen alles, datt ech e Samschdeg ka spillen."

E puer ganz speziell Matcher wäerten et awer op der anerer Säit fir den Alex Knaff ginn. Fir de Lëtzebuerger wäerten et déi leschte Partien am Kader vum Davis Cup sinn, dat no iwwer 10 Joer.

Alex Knaff: "Et ass eng Freed, eng Éier. Mir hunn eis als Ekipp verdéngt, géint esou eng Natioun ze spillen. Ech perséinlech probéieren, alles rauszezéien a Freed ze hunn an dono dann hoffentlech ze gewannen. Et wier natierlech schéin, wa mir an ech mat enger Victoire kéinten ophalen."

Gilles Müller: "Wou ech mäi leschten Davis-Cup-Match gespillt hunn, do wosst ech net, datt et mäi leschte war. Ech ka mech do elo net richteg an hie raversetzen. Wichteg ass et, datt hie sech awer net ze vill dorop konzentréiert. Natierlech kann et emotional ginn, zumools zum Schluss. Ech hëllefen him awer, am Match konzentréiert ze bleiwen, op dat, wat hie soll maachen."

Och dës Kéier goufen erëm vill Tickete verkaf a fir d'Lëtzebuerger Ekipp ass et immens schéin, fir op en Neits virun heemeschem Public kënnen ze spillen. Zanter 2016 hat ee sech doheem ëmmer duerchgesat.

Dës Davis-Cup-Partie kënnt Dir integral bei eis op RTL Zwee an op RTL Play kucken.

Back to Top
CIM LOGO