ATP-FinalsCarlos Alcaraz gewënnt d'Finall géint den Alexander Zverev

RTL Lëtzebuerg
Et ass dem Spuenier säin 1. Titel bei den ATP Finals.
Spain's Carlos Alcaraz celebrates after victory against Germany's Alexander Zverev during the final of the ATP Finals tennis tournament, in Turin on November 22, 2026. (Photo by Marco BERTORELLO / AFP)
De Carlos Alcaraz hat eng schwéier Saison. Mam Titel bei den ATP Finals kann hien a seng wuel verdéngt Wanterpaus goen.
© AFP

De Spuenier war an der Finall de bessere Spiller, huet 2 Sätz laang gudden Tennis gewisen a wennt de Match um Enn mat 6:2 a 7:6 (9:7). De Carlos Alcaraz ass den éischte Spuenier nom Alex Corretja am Joer 1998 deen d'ATP Finals gewanne konnt.

D'Viraussetzunge zu Turin ware kloer. Nummer 1 op der Welt Alexander Zverev géint Nummer 3, Carlos Alcaraz. Den Alexander Zverev huet seng beschte Saison a senger Karriär hannert sech, iwwerdeems de Carlos Alcaraz no enger laanger Verletzungspaus et rechtzäiteg gepackt huet nees a Top Form ze sinn. Sou ass den Däitsche liicht favoriséiert an de Match gaangen.

De bessere Start hat allerdéngs de Spuenier. Den Alcaraz konnt den Zverev relativ fréi direkt zwee mol breaken a louch schnell mat 4:1 a Féierung. Den Alcaraz ass zu dësem Zäitpunkt alles gelongen. Mat aggressive Returns an Tempowiessele knackt de Spuenier dem Däitsche säi Spill a gewënnt den 1. Saz mat 6:2. 

Den zweete Saz war vill méi ausgeglach a béid Spiller hu sech op Aenhéischt begéint. Beim Stand vu 6:6 huet et missen an den Tiebreak goen. Hei hat den Alcarez um Enn déi besser Nerven a gewennt dese mat 9:7. Domatt kann de Spuenien d'ATP Finals géint den Zverev mat 6:2 a 7:6 (9:7) fir sech entscheeden.

Back to Top
CIM LOGO