WantersportÉischte Weltcup-Erfolleg fir d'Lara Colturi

Ted Koob
D'Albanerin huet sech am Slalom zu Gurgl an Éisträich déi éischt Plaz geséchert.
© JOHANN GRODER/AFP

D'Lara Colturi huet um Samschdeg bei niwwelege Wiederkonditiounen de Slalom zu Gurgl gewonnen. No zwee Leef hat d'Colturi eng Avance vu 27 Honnertstel op d'Schwedin Sara Hector. De Podium gouf vun der zweeter Schwedin Anna Swenn-Larsson kompletteéiert. Si hat e Retard vun 30 Honnertstel. D'Emma Aicher aus Däitschland, dat den éischte Slalom vun der Saison gewonnen hat, koum um Enn op déi 8. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO