
Beim zweete Weltcup Slalom bei den Hären an dëser Saison sinn et Norweger déi dominéieren. Den Timo Haugan feiert seng 1. Victoire an dëser Saison mat 0.60 Sekonne virum Eirik Solberg. Déi drëtte Plaz ass fir de Schwäizer Tanguy Nef (+0.88). Béi schwéiere Wiederkonditiounen a staarke Schneischaueren sinn am zweeten Duerchgäng vill grouss Nimm net an d'zil komm, ënnert anerem Pinheiro Braathen, McGrath oder de Kristoffersen.
Bei den Dammen huet e Samschdeg d'Lara Colturi hier éischt Weltcup-Victoire gefeiert.
Am Schisprange bei den Damme gouf et zu Lillehammer a Norwegen eng Victoire fir d'Anna Odine Strom virum Eirin Kvandal. Op déi drëtte Plaz sprengt d'Gyda Westvold Hansen. Domat stinn dräi Norwegerinnen op deenen éischten dräi Plazen.
D'Sprangen bei den Hären ass e Sonndeg um 16:00 Auer, och zu Lillehammer.