
En Donneschdeg hu si zu Pristina am Kosovo den éischte vun 3 EM-Qualifikatiounsmatcher gespillt.
D’Lëtzebuerger Dammen hunn an der Ufanksphas vum Match dann och gutt matgehalen a bis zum Stand vu 6:6 war et en ausgeglachene Match. Deen Ament hunn d’Dammen aus Portugal awer opgedréint an hunn e staarke Laf realiséiert. Um Enn vun der éischter Hallschent louche si du mat 18:10 am Avantage.
An der zweeter Hallschent haten d’FLH-Dammen dunn e ganz schwéiere Stand. Portugal stoung an der Defense ganz kompakt a konnt ëmmer nees Konterattacke lafen. Um Enn verléiert Lëtzebuerg dann awer kloer an däitlech mat 14:38.
E Freideg an e Samschdeg spille si dann nach géint de Kosovo an Zypern, och déi Matcher kënnt Dir op RTL.lu am Livestream suivéieren.
Freideg, 4. Juni:
19:30: Lëtzebuerg vs Kosovo (ouni Kommentar)
Samschdeg, 5. Juni:
17:00: Lëtzebuerg vs Zypern (ouni Kommentar)