
E Mëttwoch den Owend stoung fir d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp den Testmatch géint Norwegen um Programm. No enger gudder éischter Hallschent vun de Roude Léiwen huet Norwegen am zweeten Duerchgang den Drock erhéicht a konnt duerch e Gol an der Nospillzäit d’Partie fir sech entscheeden.
Am Stadion La Rosaleda zu Malaga huet een an der Ufanksphas zwou Ekippen op Aenhéicht gesinn. Laang Zäit war zemools am leschten Drëttel awer net all ze vill lass. Déi bescht Chance op den 1:0 haten d’Rout Léiwen 10 Minutte virun der Paus, ma de Kappball vum Olivier Thill huet de Gol knapps verfeelt. Alles an allem ass vun Norwegen am Spill no vir ze wéineg komm a sou ass déi éischt Hallschent ouni Goler op en Enn gaangen.
Nom Säitewiessel huet sech Norwegen da méi engagéiert an um Wee no vir virun allem den Haaland gesicht. De Stiermer vu Borussia Dortmund koum sou och kuerz no der Paus mam Kapp zum Ofschloss, ma de Moris konnt gutt reagéieren an de Ball ofwieren. Lëtzebuerg huet gutt dergéintgehalen, huet sech dann awer nach an der Nospillzäit ee Gol gefaangen. Den Haaland gouf an de Laf geschéckt a konnt sou eleng virum Golkipp äiskal op 1:0 stellen.
Um Spillstand huet sech duerno näischt méi geännert a sou muss sech Lëtzebuerg duerch e spéide Géigegol mat 0:1 géint Norwegen geschloe ginn.
E Sonndeg geet et fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp dann um 18.00 Auer géint Schottland. De Match am Stade Josy Barthel kënnt Dir och nees op RTL ZWEE an am Livestream op RTL.lu suivéieren.