
Um leschten Dag vun der Schwamm-Europameeschterschaft zu Belgrad a Serbien sinn d’Lëtzebuerger Schwëmmer an der Staffel iwwer 4x100m 4Nages un den Depart gaangen.
D’Lëtzebuerger Staffel ass um Enn déi 13.-bescht Zäit geschwommen. Insgesamt hunn de Rémi Fabiani, Finn Kemp, Joao Carneiro a Ralph Daleiden 3:41,40 Minutte fir déi 4x100 Meter gebraucht. Dës Zäit goung net duer, fir sech fir d’Finall ze qualifizéieren.
Aus Lëtzebuerger Siicht war et awer en neie Landesrekord an dëser Disziplin, déi al Zäit louch bei 3:43,65. Fir de Rémi Fabiani, deen d'100 Meter Réck geschwomme war, war et och eng nei national Beschtzäit mat 55,65 Sekonnen.