Och dëst Joer huet d’Triathlonfederatioun erëm e Krack zougeluecht. Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Bilan remarkabel. Bei den Häre gewënnt de Lucas Cambresy, virum 17 Joer ale Sebastian Ziekmann, drëtte gëtt de franséischen zweefache Weltmeeschter Vincent Luis. Beim Lucas Cambresy war de Knuet zum Schluss vun der vergaangener Saison geplatzt, Eng 10. Plaz op der U23-Weltmeeschterschaft huet d’Progressioun ënnerstrach. Och bei den Dammen huet de roude Léif dominéiert. D’Eva Daniels gëtt véiert an d’Linda Krombach zweet, nëmme fënnef Sekonnen hannert dem Jeanne Lehair.
D’Presenz vum Vize-President vum Europäeschen Triathlonsverband am Aquathlon ass keen Zoufall. D’Ekipp ronderëm de Christian Krombach huet fir d’nächst Joer en interessanten ambitiéise Projet am Hannerkapp. Eng Aquathlonseuropameeschterschaft wier eng europäesch Première. Den Herwig Grabner huet sech impressionéiert gewisen iwwer d’Anlag an der Coque, mat der Proximitéit vum Schwammbasseng an der Pist. Och d’Organisatioun gouf gelueft. Och den Asaz an d‘Begeeschterung vun de Kanner a Jugendlechen hunn dem Vertrieder vum Europäesche Verband gewisen, dass een, op d’mannst emol zu Lëtzebuerg, sech keng gréisser Suergen iwwert de Nowuess brauch ze maachen.