Schwamm-EM zu BelgradLëtzebuerger Hären iwwer 4x100m Crawl op Plaz 14

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg ware véier Lëtzebuerger op der Europameeschterschaft am Schwammen am Asaz.
© FLNS

Op der Europameeschterschaft am Schwammen zu Belgrad a Serbien kënnt déi Lëtzebuerger Staffel iwwer 4 Mol 100 Meter Crawl um Enn op déi 14. Plaz.

De Ralph Daleiden, de Rémi Fabiani, Joao Carneiro an de Finn Kemp hunn dobäi an 3 Minutten, 20 Sekonnen a 7 Honnertstel een neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt.

Back to Top
CIM LOGO