"En onvergiessleche Moment"Lëtzebuerger Studentin op der "Olympic Flame Lighting Ceremony"

RTL Lëtzebuerg
D'Ufänke vum Olympesche Feier a Griichenland ass an der Sportswelt e ganz besonnesche Moment.
Video Fakelzeremonie Olympia 2024
Video Fakelzeremonie Olympia 2024

D’Jo Weisen, eng jonk Lëtzebuergesch Studentin war live bei der “Olympic Flame Lighting Ceremony” dobäi.

“Fir mech war dëst een onvergiessleche Moment”, esou d’Sportsstudentin, déi aktuell hire Master a Griichenland mécht. Genau duerch dëse Studium krut si, wéi och hir Matstudentinnen d’Opportunitéit, fir bei der Zeremonie dobäi ze sinn.

“D’Academy läit direkt niewent dem archeologesche Site vun den anticken Olympesche Spiller a well ech Studentin op der IOA sinn hunn ech dat immenst Gléck, dierfe bei der Olympic Flame Lighting Rehearsal fir Paräis dobäi ze sinn a live ze gesinn, wei d’Flam am Rehearsal ugefaange gëtt a wéi d’Zeremonie ass.”
, erkläert si weider.

“Eng mega Erfarung ass och, dass an der Academy, wou mir Studente wärend eise Studie wunnen, am Moment ganz wichteg Leit sinn, déi am IOC schaffen an Deel vum Paräisser Organisatiounskommitee sinn a ganz wichteg Leit aus der Sport-Industrie, den éischten Torch Bearer an esou weider.” Et wier hätt net jiddereen d’Chance esou Leit kennenzeléieren a mat hinne schwätzen ze kënnen, erkläert d’Studentin. Si géif sech dowéinst immens privilegéiert fillen.

Back to Top
CIM LOGO