
Géint den Aserbaidschan hunn d’Rout Léiwinnen hir Kralle gewisen. An der Paus stoung et schonn 3:0, dat no Goler vun Hannah Dietrich, Federica Morvilli a Silvia Conte. No enger méi roueger zweeter Hallschent ass et bei dësem Resultat bliwwen.
Domadder kënnt Serbien am Grupp B5 op déi éischte Plaz viru Lëtzebuerg an dem Aserbaidschan. D’Dammen U17 kéint awer nach als beschte Gruppenzweeten an de Grupp A opsteigen. D’Decisioun fält awer nach net dëse Weekend.