Internationale FuttballLeverkusen an Hoffenheim eng Ronn weider, 1. FCK am DFB-Pokal eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
An der englescher Prmier League gouf et um éischte Spilldag fir de Mourinho a seng Ekipp Tottenham eng Néierlag géint Everton.
© Val Wagner

DFB Pokal

Kaiserslautern - Regensburg 4:5 (n.E.)
0:1 Vrenezi (4'), 1:1 Kraus (64')

Déi Rout Däiwele vu Lautern hate Chance, dass et an der Paus just 1:0 fir Regensburg stoung. D’Gäscht waren déi vill besser Ekipp an hätten ouni Problem mat méi enger gréisserer Féierung an d’Kabinne kéinte goen. Mëtt vun der 2. Hallschent ass Lautern ëmmer méi staark ginn, a si hu sech duerch de Kraus no engem Corner mam 1:1-Ausgläich belount.

Bis zur 120. Minutt sollt awer kee Gol méi falen, sou dass d’Entscheedung am Eelefmeterschéisse misst falen. Den entscheedenden Eelefmeter huet de Kapitän vu Lautern de Sickinger verschoss. Domat steet Jahn Regensburg an der 2. Ronn vum DFB-Pokal.

Norderstedt - Bayer Leverkusen 0:7
0:1 Bender (4'), 0:2 Amiri (10'), 0:3 Alario (12'), 0:4 Wirtz (21'), 0:5 Aranguiz (30'), 0:6 Amiri (31'), 0:7 Schick (77')

Hansa Rostock - VFB Stuttgart 0:1
0:1 Wamangituka (42')

Stuttgart war wuel déi besser Ekipp, an ass och verdéngt mat engem 1:0 Virsprong an d’Paus gaangen. Rostock huet sech awer net verstoppt, an hu ganz couragéis opgespillt. Rostock huet och an der 2.Hallschent alles versicht, mee den Ausgläich sollt net méi falen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

West Bromwich - Leicester City 0:3
0:1 Castagne (57'), 0:2 Vardy (73'), 0:3 Vardy (84')

West Brom huet de Match wat d’Resultat ubelaangt wuel laang konnten ausgeglach halen, ouni awer selwer vill Akzenter no vir kënnen ze weisen. A sou war et Leicester, déi an deenen zweete 45 Minutten duerch Goler vum Castagne a Vardy déi éischt 3 Punkten an dëser Saison konnte kropen.

Tottenham Hotspur - FC Everton 0:1
0:1 Calvert-Lewin (55')

Éischte Match fir de James Rodrigues am Dress vun Everton, éischte Victoire fir d’Ekipp vum Carlo Ancelotti. Tottenham huet gutt ugefaangen, an hat duerch de Son an den Alli gutt Aktioune virum Gol. Kuerz virun der Paus hat dunn och nach den Doherty d’Féierung um Fouss, allerdéngs huet de Pickford eng super Reaktioun gewisen, sou dass et mat 0:0 an d’Paus gaangen ass. Nom Téi ass et an der 55. Minutt duerch eng schéi Flank vum Digne zum Kappball vum Calvert Lewin komm. De Lloris hat keng Chance am Tottenhamer Gol, sou dass d’Gäscht net onverdéngt a Féierung gaange sinn. Kane, Son & Co ware wuel gewëllt, mee richteg virun de Pickford si si net méi komm. Everton gewënnt domat den éischte Match vun der Saison.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

OSC Lille - FC Metz 1:0
1:0 Luiz Araujo (88')

De Resumé vum Match, bei deenen de Laurent Jans net am Kader vum FC Metz stoung, bei de Kolleege vum 5minutes.

AS Monaco - FC Nantes 2:1
1:0 Diop (5'),

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Deportivo Alaves - Betis Sevilla 0:1
0:1 Tello (90+4'), 1:1 Blas (61'), 2:1 Geubbels (65')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO