Europa LeagueLeverkusen dréint Partie spéit, Liverpool schéisst 4 Goler a 7 Minutten

RTL Lëtzebuerg
Weider konnt sech Benfica den Ticket fir d'Véierelsfinall sécheren a Freiburg gouf vu West Ham iwwerrannt.

West Ham United - SC Freiburg 5:0
1:0 Paqueta (9'), 2:0 Bowen (32'), 3:0 Cresswell (52'), 4:0 Kudus (77'), 5:0 Kudus (85')

Doheem nach knapp 1:0 géint d’Englänner vu West Ham gewonnen, haten déi däitsch aus dem Breisgau am Retourmatch wéineg ze laachen. Schonn no 9 Minutten huet den Desaster duerch e Gol vum Paqueta ugefaangen an nach virun der Paus huet de Bowen op 2:0 erhéicht. Och nom Säitewiessel war just eng Ekipp, wat d’Goler betrëfft, an der Partie an datt hunn de Cresswell an zwee Mol de Kudus bewisen. West Ham hat nom Téi Freiburg d’Spill iwwerlooss, konnt hir puer grouss Chancen awer äiskal ausnotzen. Zum Schluss mécht West Ham d’Néierlag aus dem Allersmatch méi wéi gutt an ass eng Ronn weider.

Glasgow Rangers - Benfica Lissabon 0:1
0:1 Rafa Silva (66')

No engem 2:2 am Allersmatch hate béid Ekippe nach eng gutt Chance, fir an d’Véierelsfinallen ze kommen. Glasgow hat an der Partie däitlech méi Ballbesëtz, ma d’Portugise waren, wa si am Ugrëff waren, méi geféierlech. Zum Schluss ass hinnen ee Gol duergaangen, fir d’Partie an domadder den Duell fir sech z’entscheeden.

Bayer Leverkusen - Qarabag Agdam 3:2
0:1 Zoubir (58'), 0:2 Juninho (67'), 1:2 Frimpong (72'), 2:2 Schick (90'+3), 3:2 Schick (90'+7)

Nodeem den Allersmatch 2:2 ausgaange war, konnte béid Ekippe sech nach eng Chance ausrechnen. Leverkusen huet déi éischt Hallschent dominéiert, hat méi Ballbesëtz méi Schëss op de Gol wéi Qarabag. Eenzeg d’Reussite huet den Däitsche gefeelt. Déi haten dofir d’Aserbaidjaner nom Pausentéi, well de Zoubir huet si no 58 Minutten a Féierung bruecht an den Juninho huet an der 67. Minutt fir den 2:0 gesuergt. Dobäi war Qarabag zu deem Ament schonn an Ënnerzuel, well dem Cafarquilyev seng giel Kaart no engem schlëmme Foul huet den Arbitter nom Bléck op der VAR an eng Rout ëmgewandelt. No 72 Minutten huet Leverkusen dunn d’Iwwerzuel um Terrain genotzt an de Frimpong huet d’Heemekipp nees zeréckbruecht. An der Nospillzäit huet de Schick dann den 2:2 geschoss an alles huet op Verlängerung higedeit. Ma et waren déi 4 Minutte vum Schick, well hien huet nach eng Kéier, éier den Arbitter ofgepaff huet, getraff a senge Leverkusener domadder eng Victoire a leschter Minutt geschenkt.

FC Liverpool - Sparta Prag 6:1
1:0 Nunez (7'), 2:0 Clark (8'), 3:0 Salah (10'), 4:0 Gakpo (14'), 4:1 Birmancevic (42'), 5:1 Szoboszlai (48'), 6:1 Gakpo (55')

Datt den Duell nom 5:1 am Allersmatch am Prinzip schonn decidéiert war, an een hätt kéinten dovunner ausgoen, datt Liverpool dat konzentréiert iwwer d’Zäit géing bréngen. Ma d’Ekipp vum Klopp hat aner Pläng an huet mat 100 à l’heure lassgeluecht: Nunez, Salah a Co ass et nämlech gelongen, an den éischte 14 Minutte vum Match ganzer véier Goler ze schéissen. Dobäi war de Salah un dräi dovunner, ee Gol zwou Virlagen, selwer bedeelegt. Virun der Paus huet de Birmancevic dann nach fir e bësse Kosmetik fir d’Prager gesuergt. Ma deen Ecart ass net laang bestoe bliwwen, well schonn an den éischten dräi Minutte vun der zweeter Hallschent huet de Szoboszlai op 5:1 gesat, iwwregens déi drëtt Virlag fir de Salah an dëser Partie. Um 6:1 vum Gakpo siwe Minutte méi spéit war de Salah dunn awer net bedeelegt. Bei deem Score sollt et dann och bleiwen.

Déi komplett Resultater

All d’Tabellen

Back to Top
CIM LOGO