
An der 1. däitscher Bundesliga war et um Samschdeg den Optakt vum 18. Spilldag. Dortmund klappt Köln, Freiburg ka sech an Ënnerzuel géint Freiburg duerchsetzen a Frankfurt léisst zwee Punkten zu Darmstadt leien.
An der Premier League huet sech ënnert anerem Arsenal London däitlech géint Crystal Palace duerch gesat.
Beim BVB stoung de Jadon Sancho, deen déi Schwaarz-Giel am Wanter vu Manchester United ausgeléint hunn, eng éischte Kéier vun Ufank un um Terrain. Dortmund ass dann och gutt an de Match komm an ass no 12. gespillte Minutten duerch e Schoss aus ronn 12 Meter vum Malen a Féierung gaangen. Köln war wuel beméit, an der Offensiv huet dem FC awer déi néideg Präzisioun a Kreativitéit gefeelt. Nom Säitewiessel ass Köln mat vill Elan aus de Kabinne komm, hat awer Pech am Ofschloss. De Maina säi Schoss sollt just un de Potto goen. Bannent 3 Minutten huet den BVB du fir d’Virentscheedung gesuergt. De Füllkrug per Eelefmeter an de Malen no engem Konter hunn de Match an der 58' bezéiungsweis 61. Minutt entscheed. Kuerz viru Schluss huet de Moukoko fir d’Schlussresultat gesuergt. Dortmund gewënnt ouni grouss ze iwerzeegen deemno mat 4:0 zu Köln. De Mathias Olesen stoung bei Köln net am Kader.
E Spektakel hunn d’Spectateuren zu Freiburg gesinn. Nodeem den SC no 55. Minutten no Goler vun Höler (37') a Grifo (55') scho mat 2:0 a Féierung louch, huet Hoffenheim de Match duerch de Weghorst a Beier konnten ausgläichen. Zu allem Iwwerfloss huet Freiburg no enger Giel-Rouder-Kaart vum Gulde an der Schlussphase och nach an Ënnerzuel misse spillen. An awer huet d’Ekipp vum Christian Streich de Match nach konnte fir sech entscheeden, dat well de Sallai an der 85. Minutt den 3:2 markéiert huet. De Sport-Club gewënnt mat 3:2 géint Hoffenheim a bleift an der Tabell op der 7. Plaz.
Frankfurt spillt zu Darmstadt no enger 2:0 Féierung just 2:2 géint Darmstadt a verpasst et domat sech an der Tabell mei no un d’Champions League Plazen erun ze kämpfen.
Heidenheim a Wolfsburg spillen 1:1-Gläich. Wolfsburg louch frei a Féierung, Heidenheim huet an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent konnten ausgläichen. Domat bleift Heidenheim an der Tabell weider 1 Punkt viru Wolfsburg. De Match Bochum géint Stuttgart geet mat engem 1:0 fir d’Lokalekipp op en Enn. Déi zweet Hallschent ass eng 40 Minutte mei spéit ugepaff ginn, dat well am Stuttgarter Fanblock d’Fluchtweeër net frei waren an d’Spectateuren sech geweigert hunn, d’Weeër frei ze maachen. De Gol vum Dag huet de Bero an der 50. Minutt geschoss.
Am Owesmatch gouf et eng héichklasseg Partie tëscht Leipzig a Leverkusen. D’Gäscht hunn de Match duerch e Gol an der Nospillzäit mat 3:2 gewonnen an hu säit 27 Matcher net méi verluer.
D’Heemekipp war an der 1. Hallschent dominant um Terrain an huet Leverkusen an den Zweekämpf keng Chance gelooss. D’Gäscht konnte frou sinn, an der Paus just mat 0:1 hannen ze leien. De Xavi hat de Gol an der 7. Minutt markéiert. Nom Téi sinn d’Gäscht waakreg ginn an hunn direkt den 1:1 duerch den Tella geschoss. Den Tempo war op béide Säite weiderhin héich. Den Openda hat Leipzig nees mat 2:1 vir bruecht, éier den Tah an der 63. Minutt ausgeglach huet. Leipzig a Leverkusen hu sech bis zum Schluss Chancen erausgespillt, den entscheedende Gol sollt awer réischt an der Nospillzäit falen. No engem Corner stoung den Hincapié richteg, fir de Ball am Filet ënnerzebréngen. Leverkusen bleift Tabelleleader an der Bundesliga an huet 7 Punkten Avance op Bayern München, déi awer 2 Matcher manner hunn. Leipzig huet op der 4. Plaz e Retard vu 15 Punkten op Leverkusen.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.