
Frankfurt - Union Berlin 2:1
1:0 Sow (22'), 1:1 Kruse (62'), 2:1 Ndicka (90+5')
Leipzig - Leverkusen 1:3
0:1 Wirtz (21'), 0:2 Diaby (34'), 1:2 Silva (62'), 1:3 Frimpong (64')
Leverkusen huet sech am Match géint Leipzig wichteg dräi Puntke geséchert. De Wirtz an den Diaby hu mat hire Goler déi gutt Leeschtung vun der Werkself an der éischter Hallschent belount, sou dass et an der Paus 0:2 aus der Siicht vun de Leipziger stoung. Am zweeten Duerchgang huet den Andre Silva dann zwar tëschenzäitlech op 1:2 verkierzt, dat huet um Enn awer näischt méi un der Leverkusener Victoire geännert, déi sech duerch den 3:1 vum Frimpong entscheet hat.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Manchester City - West Ham 2:1
1:0 Gündogan (33'), 2:0 Fernandinho (90'), 2:1 Lanzini (90+4')
Chelsea - Manchester United 1:1
0:1 Sancho (50'), 1:1 Jorginho (69')
Am Duell tëscht Chelsea a Manchester United hu sech béid Ekippen d’Punkte gedeelt. D’Blues hate vun Ufank u méi vum Match, hunn de Wee an de Gol an der éischter Hallschent awer net fonnt. Kuerz no der Paus huet de Sancho d’Gäscht da mat sengem éischte Premier-League-Gol wéi aus dem Näischt a Féierung bruecht. Chelsea huet an engem ausgeglachene Match op den Ausgläich gedréckt, deen da ronn 20 Minutten och per Eelefmeter duerch de Jorginho gefall ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - Sassuolo 1:2
1:0 Romagnoli (21'), 1:1 Scamacca (24'), 1:2 Kjaer (33')
AS Roum - FC Turin 1:0
1:0 Abraham (32')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Saint-Etienne - PSG 1:3
1:0 Bouanga (23'), 1:1 Marquinhos (45+2'), 1:2 Di Maria (79'), 1:3 Marquinhos (90+1')
PSG huet sech un der Tabellespëtzt dräi weider Punkte geséchert. Dobäi huet de Match net ideal ugefaangen. No 23 Minutte war et nämlech de Bouange, deen den 1:0 fir Saint-Etienne markéiere konnt. Kuerz virun der Paus krut d’Lokalekipp dann als éischt eng Rout Kaart an eng Minutt méi spéit de Gol zum 1:1 geschoss. An Iwwerzuel huet de PSG am zweeten Duerchgang dann duerch den Di Maria an dem Marquinhos säin zweete Gol d’Victoire geséchert.
AS Monaco - Stroossbuerg 1:1
1:0 Ben Yedder (46'), 1:1 Ajorque (48')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Real Betis - Levante 3:1
0:1 Mustafi (7'), 1:1 Juanmi (54'), 2:1 Juanmi (63'), 3:1 Juanmi (78')
Cadiz - Atlético Madrid 1:4
0:1 Lemar (56'), 0:2 Griezmann (70'), 0:3 Correa (76'), 1:3 Oblak (86'), 1:4 Matheus Cunha