
Et kënnt an der Europa League zu engem italienschen Duell, bei deem den AC Mailand op den AS Roum trëfft. Déi drëtt italieenesch Ekipp an der Véierelsfinallen, Atalanta Bergamo, kritt et mam FC Liverpool ze dinn. Da muss Leverkusen bei West Ham untrieden a Benfica reest op Marseille. D’Allersmatcher sinn den 11. Abrëll, d’Retourpartien déi Woch drop.
An der éischter Halleffinall trëfft dann de Gewënner vu Benfica/Marseille op dee vu Liverpool/Atalanta. Wie sech beim Italienduell Mailand/Roum duerchsetzt, muss géint de Gewënner vu Leverkusen/West Ham untrieden.
An der Finall den 22. Mee zu Dublin huet de Gewënner vun der éischter Halleffinall d’Heemrecht.
Véierelsfinallen
Club Brugge - PAOK
Olympiacos - Fenerbahçe
Aston Villa - LOSC Lille
Viktoria Plzen - Florenz
Halleffinallen
Aston Villa/Lille - Olympiacos/Fenerbahçe
Plzen/Florenz - Brugge/PAOK
An der Finall den 29. Mee zu Athen huet de Gewënner vun der éischter Halleffinall d’Heemrecht.