Internationale FuttballLiverpool mat 4:3-Victoire, Frankfurt a Köln am DFB-Pokal eng Ronn weider

RTL Lëtzebuerg
An der englescher Premier League stoung den 1. Spilldag vun der neier Saison um Programm. An Däitschland war et d'Suite vun der 1. Ronn am DFB-Pokal.
© AFP

DFB-Pokal

1.FC Nürnberg - RB Leipzig 0:3
0:1 Haidara (3'), 0:2 Poulsen (68'), 0:3 Hwang (90')

Leipzig ass senger Favoritteroll vun Ufank u gerecht ginn, an esou war et den Haidara dee schonns an der 3. Minutt no engem grousse Feeler vum Mathenia am Nürnberger Gol den 1:0 geschoss huet. Leipzig huet immens iwwerleeën opgespillt, just den 2. Gol sollt virun der Paus net méi falen. An der 62. Minutt war et den agewiesselte Poulsen deen no flotter Viraarbecht vum Hwang dunn awer markéiere konnt. De Südkoreaner huet an der 90. Minutt mam 3:0 de Match ofgeschloss.

TSV 1860 München - Eintracht Frankfurt 1:2
0:1 Silva (51'), 0:2 Dost (56'), 1:2 Steinhart (79')

Den Drëttligist vu München huet de Frankfurter e ganz haarde Kampf geliwwert, a sech zu kengem Zäitpunkt vum Match geschloe ginn. Mentalitéit huet op dësem Samschdeg gestemmt. Béid Ekippen hunn an de éischte 45 Minutte jeeweils de Potto getraff, an esou ass et mat engem 0:0-Gläich an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel ass et awer dunn ganz séier gaangen. Silva a Dost hunn de Favorit vu Frankfurt a Féierung geschoss. 1860 hat Schwieregkeeten sech vu dësem Doppelpack ze erhuelen, ma den Trapp am Eintracht Gol huet de Lex am Strofraum gefoult an esou krut d’Lokalekipp een Eelefmeter zougesprach. De Steinhard huet sech dës Chance net entgoe gelooss, 1:2. No enger ganz spannender Schlussphas an engem Gol vum Mölders, deen awer net gezielt huet, ka sech Frankfurt um Enn glécklech duerchsetzen.

FC Oberneuland - Borussia Mönchengladbach 0:8
0:1 Herrmann (13'), 0:2 Herrmann (14'), 0:3 Hofmann (19'), 0:4 Bensebaini (25'), 0:5 Elvedi (35'), 0:6 Neuhaus (52'), 0:7 (77'), 0:7 Traoré (76'), 0:8 Neuhaus (84')

VSG Altglieniecke - 1.FC Köln 0:6
0:1 Hector (17'), 0:2 Rexhbecaj (36'), 0:3 Czichos (43'), 0:4 Rexhbecaj (63'), 0:5 Ozcan (68'), 0:6 Drexler (85')

Karlsruher SC - Union Berlin 0:1
0:1 Schlotterbeck (118')

Viru 450 Spectateuren zu Karlsruhe ass an der regulärer Spillzäit kee Gol gefall. De Match huet missen an d’Verlängerung goen. Och do huet et esou ausgesi, wéi wa kee Gol méi géif falen an d’Entscheedung am Eelefmeterschéisse misst falen. Dunn ass awer de Schlotterbeck am Strofraum fräi zum Schoss komm an huet per Volley den entscheedende Gol vum Dag geschoss. Fir den Dirk Carlson, deen de ganze Match iwwer op der Bänk huet misse Plaz huelen, ass d’Aventure DFB-Pokal domat no der 1. Ronn schonns eriwwer.

Premier League

Fulham - Arsenal 0:3
0:1 Lacazette (8'), 0:2 Gabriel (49'), 0:3 Aubameyang (57')

Um 1. Spilldag an der Premier League krut et den Opsteiger vu Fulham mam FC Arsenal ze dinn. Gunners hu schonns fréi duerch de Gol vum Lacazette an der 8. Minutt fir kloer Verhältnisser gesuergt. Fulham war wuel beméit, mee spilleresch de Gäscht ënnerleeën. No der Paus waren et de Gabriel an den Aubameyang déi den Deckel zougemaach hunn. De Willian, virun der Saison vun Chelsea op Arsenal gewiesselt, huet déi 3 Goler virbereet.

Crystal Palace - FC Southampton 1:0
1:0 Zaha (13')

FC Liverpool - Leeds United 4:3
1:0 Salah (4'), 1:1 Harrison (12'), 2:1 van Dijk (20'), 2:2 Bamford (30'), 3:2 Salah (33'), 3:3 Klich (64'), 4:3 Salah (88')

Wat eng 1. Hallschent zu Liverpool. Et ass hin an hier gaangen, an dat well béid Ekippen net fräi vu Feeler gespillt hunn. Leeds huet sech awer net verstoppt, an huet mat engem konsequente Pressing ëmmer erëm de Wee virun de Gol vun de Reds fonnt. Harrison a Bamford hu fir den Underdog zweemol konnten e Réckstand ausgläichen, éier de Salah mat sengem zweete perséinleche Gol den 3:2 geschoss huet. Domat sollt et dann och an d’Paus goen.

Nom Säitewiessel sollt sech net vill änneren, well Leeds weider hin couragéiert gespillt huet an an der 64. Minutt duerch de Klich fir eng drëtte Kéier am Match e Réckstand konnt gutt maachen. Kuerz viru Schluss krut Liverpool dunn e berechtegen Eelefmeter zougesprach, deen de Salah äiskal an de Filet gesat huet. Eng ganz batter Néierlag fir Leeds.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Montpellier - Nice 3:1
1:0 Laborde (18'), 2:0 Congre (50'), 3:0 Congre (64'), 3:1 Dante (69')

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Eibar - Celta Vigo 0:0

Granada - Athletiv Bilbao 2:0
1:0 Herrera (49'), 2:0 Milla (53')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO