Internationale FuttballLiverpool wënnt 3:1 géint Arsenal

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend krut Liverpool um 3. Spilldag vun der Premier League Besuch vum FC Arsenal.

Premier League

Aus dem Näischt huet Arsenal an der 25. Minutt iwwer déi lénks Säit gekontert an de Lacazette konnt den 0:1 schéissen.

Ma schonn 3 Minutte méi spéit war et d’Äntwert vun de Reds: No engem éischte Schoss vum Salah huet de Keeper vun Arsenal de Ball zwar konnten ofwieren, mee de Mané steet fräi virun him: 1:1.https://www.kicker.de/sadio-mane/spieler/premier-league/2020-21/fc-liverpool

An der 34. Minutt huet de Robertson vun der Schwächt vun der Verteidegung vun de Gunners profitéiert an den 2:1 aus kuerzer Distanz geschoss.

An der 2. Hallschent hunn d’Londoner méi Courage gewisen, ma et sollt näischt gi mam 2:2. An der 88. Minutt kritt de Jota de Ball erëm no engem Feeler vun Arsenal a schéisst den 3:1 duerch d’Been vum Bellerin. De Leno hat keng Chance.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Back to Top
CIM LOGO