Reinhold Breu"Luc Holtz ass keen typesche Lëtzebuerger"

RTL Lëtzebuerg
Den techneschen Direkter vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun huet e Samschdeg an engem Artikel am Wort kee gudden Androck hannerlooss.
© pressphoto Archiv

Op d’Ausso “De Luc Holtz ass keen typesche Lëtzebuerger” koum nämlech nach eng weider Ausso, déi vill Lëtzebuerger wuel net sou liicht verdaue wäerten. Uschléissend sot hien nämlech, dass de Luc Holtz, deen also keen typesche Lëtzebuerger ass, “immens éiergäizeg a professionell wier”.

Wat genau hie mat dësem Statement aussoe wollt, weess wuel nëmmen de Reinhold Breu selwer, ma nawell wäerten et do vill Interpretatioune ginn, déi net grad fir den Däitsche schwätzen.

Den techneschen Direkter vun der FLF huet säi Kontrakt bis 2021 verlängert. Zanter hien 2011 op Lëtzebuerg komm ass, hat hien an de leschten 8 Joer divers Aufgaben, dorënner och d’Ausbildung vun Traineren an hien ass och responsabel fir d’Futtball-Schoul zu Monnerech.

Back to Top
CIM LOGO