Den nächsten Donneschdeg spillen d’Rout Léiwen zu Tiflis a Georgien. Dënschdes de 26. Mäerz dann hei am Stade de Luxembourg géint Griicheland oder Kasachstan, sollt een den éischte Match a Georgien gewannen. Ginn déi zwee Matcher gewonnen, dann ass Lëtzebuerger fir eng éischte Kéier iwwerhaapt op enger Futtball-Europameeschterschaft mat dobäi.
“Ech mierken, datt de Stellewäert vun deem Match méi grouss an anescht abordéiert gëtt, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. Dofir gesinn ech et och als meng Aufgab, fir déi Saach liicht ze bremsen. Ech hunn och gesot, datt vun e Sonndeg u muss Rou sinn. Dat ass fir mech dat Allerwichtegst. Ech sinn 100 Prozent dovunner iwwerzeegt, datt, wa mir eis Performance op den Terrain bréngen, ouni Emotiounen, ouni negativ Gedanken, ouni Stress, dann hu mir eng richteg gutt Chance, fir eis fir déi Finall ze qualifizéieren. Ech sinn dofir der Iwwerzeegung, datt d’Rou am Grupp dat Allerwichtegst ass.”
Wéinst Blessuren oder Spären muss den Nationaltrainer op verschidde Spiller verzichten. Hien huet dogéint awer bekannt Gesiichter nominéiert.
Schonn am Virfeld war kloer, datt den Danel Sinani wéinst der rouder Kaart am leschten EM-Qualifikatiounsmatch a Liechtenstein fir zwou Partië gespaart feelt. Bei enger Néierlag a Georgien kéint de Spiller vu St.Pauli awer am zweete Match zum Asaz kommen, well dës Partie dann als Frëndschaftsmatch géing gewäert ginn.
Opgrond vu Blessure wäert de Vincent Thill wéinst engem Kräizbandrëss, den Dirk Carlson wéinst engem Muskelfaserrëss an de Timothé Rupil wéinst engem Ermiddungsbroch net mat dobäi sinn.
Zeréck am Krees vun der Nationalekipp sinn dogéint de Vahid Selimovic, den Eldin Dzogovic, den Aiman Dardari an no senger Blessur och nees den Yvandro Borges.
“Ech freeë mech, fir d’Jongen erëmzegesinn. Wéi notamment och den Aiman Dardari, deen elo mat Mainz UEFA Youth League gespillt huet. Et gëtt interessant ze gesinn, wéi hie sech weiderentwéckelt huet. Och den David Jonathans vu Bayern München. Ech gesinn hien op 2-3 Positiounen. Et gëtt interessant ze gesinn, wéi hie sech presentéiert.” Laang stoung och ee Fragezeichen hannert dem Mathias Olesen, dee wéinst enger Entzündung um Zant, déi an eng liicht Longenentzündung iwwergaangen ass, eng Zäitchen huet misse pausen. Och mat dobäi ass de Marvin Martins, deen no sengem Muskelfaserrëss um Wee vun der Besserung ass. Béid Spiller kéinten eng Optioun sinn.
“Beim Marvin Martins goung den Heelungsprozess méi séier wéi mir geduecht haten. Hien trainéiert rëm um Terrain a ka Richtungswiessele maachen. Hie sot mir, et géing sech ganz gutt ufillen an awer geet hien nach an d’Kontroll. De Mathias Olesen huet elo quasi 14 Deeg net mat der Ekipp trainéiert, wou hien Eenzeltraining gemaach huet. Hien huet awer relativ wéineg verluer. Zanter enger gudder Woch ass hien awer rëm am Training dobäi. Hien huet de Weekend puer Minutte gespillt, ech hoffen, datt der dëse Weekend nach e puer dobäikommen.”
Och den Olivier Thill ass ugeschloen. Den Nationaltrainer hofft, datt keng weider Blessure méi dobäikommen, fir de Match géint Georgien beschtméiglech kënnen ze preparéieren. Fir d’Partie gi méi 300 Lëtzebuerger Spectateuren zu Tifilis erwaart. Déi Supporter, déi net mat a Georgien reesen, kënnen dës Rendezvous wéi gewinnt bei eis um RTL Zwee live suivéieren.
