F91 stellt Spiller net fräiLuc Holtz huet Testmatch géint Sandhausen ofgesot

RTL Lëtzebuerg
De Luc Holtz ass alles aneschters ewéi frou doriwwer, dass hien den Testmatch huet missen ofsoen, dat well net all d'Spiller fräigestallt ginn.
© pressphoto Archiv

D’lescht Woch huet déi Lëtzebuerger Futtball-Federatioun matgedeelt, datt den Testmatch de Mëttwoch-8-Deeg tëscht der FLF-Formatioun a Sandhausen aus der zweeter Däitscher Bundesliga zu Biissen vum Nationaltrainer ofgesot gouf. De Franky Hippert huet beim Luc Holtz nogefrot firwat.

Testmatch Nationalekipp/Reportage Franky Hippert

Dee Frëndschaftsmatch war u sech dee leschten Test virum Optakt vun der Europameeschterschaftsqualifikatioun den 22. Mäerz heiheem géint Litauen. Fir den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz gëtt et een Haaptgrond fir d’Ofso an zwar well de Risiko ze grouss ass, dass een de Match mat enger deziméierter Ekipp misst spillen, well ënnert anerem den F91 Diddeleng seng Spiller net fräistelle wëll fir dës Matcher.

De Luc Holtz ass natierlech guer net glécklech iwwert déi ganz Situatioun, well een dës Matcher schwéieren Häerzens hätt missen ofsoen. Hien ass nach ëmmer der Meenung, dass dës Matcher sécherlech de Spiller eppes bréngen an och de Veräiner.

Fir den FLF-Coach kéint dat esouguer d’Enn vun deenen Testmatcher sinn an dat wär net gutt fir d’Entwécklung vun der Nationalekipp. Dat wier kloer, well et wier jo schonns net déi éischte Kéier, dass dëst geschitt ass.

Duerch d’Profien, déi eréischt de Weekend vum 17. Mäerz bei d’Ekipp stoussen, ass et och ze kuerzfristeg, fir virun der Partie den 22. Mäerz géint Litauen nach en Testmatch ze maachen, esou de Luc Holtz.

Back to Top
CIM LOGO