
1.FC Kaiserslautern géint Waldhof Mannheim war 1990 emol eng Kéier an der éischter Däitscher Futtball Bundesliga. Elo e Sonndeg gouf et nees dee brisanten, fir net ze soen, ee vun de brisantsten Derbye bei eise Noperen, awer dëst Kéier an der drëtter Liga. Um Terrain war mam Maurice Deville och ee Lëtzebuerger am Trikot vun Mannheim.
Op den Tribünen huet den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz, déi Partie mat suivéiert.