
Obwuel de Luka Buntic vun de Galdiators Tréier kënnt, huet hien an der Jugend schonn am Grand-Duché gespillt. Dëst huet dem Veräin vun der Musel an d’Kaarte gespillt, well si de 26-Järegen doduerch als JICL-Spiller (Joueur inscrit dans un club luxembourgeois) ziele kënnen.