
De Lëtzebuerger Nationalspiller Luka Mladenovic huet zu dësem Erfolleg dann och e groussen Deel bäigedroen. Virun 250 Spectateuren huet de jonke Lëtzebuerger seng zwee Eenzelmatcher gewonnen an huet seng gutt Bilanz vun dëser Saison nach eemol verbessert.
E groussen Erfolleg fir de Luka Mladenovic, deen domat elo nächst Saison an der 1. Bundesliga dierf untrieden an dee Championnat zielt mat zu de stäerkste weltwäit. Deementspriechend glécklech war den 23 Joer ale Lëtzebuerger och nom Match.
Dobäi hätt een Ufank der Saison zu Mainz guer net domat gerechent, datt een tatsächlech kéint opsteigen, wéi de Luka Mladenovic eis am RTL-Interview erzielt huet.