
Op en Neits huet Lyon e Sonndeg bewisen, datt een aktuell an Europa déi beschten Ekipp am Dammefuttball ass. Fir 5. Kéier hannereneen huet de Veräin aus Frankräich d’Champions League gewonnen. An der Finall, déi zu San Sebastian a Spuenien gespillt gouf, huet ee sech géint Wolfsburg mat 3:1 no 90 Minutten duerchgesat.
An der 25. Minutt war Lyon duerch e Gol vum le Sommer mat 1:0 a Féierung gaangen. Sekonne virun der Paus huet de Favorit de Score duerch d’Kumagai op 2:0 erhéicht. No den éischte 45 Minutte war et eng verdéngte Féierung. Wolfsburg huet sech wuel Méi ginn, ma Harder a Co konnte sech op der enger Säit keng geféierlech Chancen erausspillen an op der anerer Säit krute si d’Cascarino, dat hu béide Goler bedeelegt war, net ënner Kontroll.
No der Paus konnt Wolfsburg an der 57. Minutt duerch e Gol vum Popp op 1:2 verkierzen. Duerch dëse Gol war nees alles méiglech, ma Lyon huet den Ausgläich vum VfL awer net zougelooss. Fir d’Decisioun huet dunn d’Gunarsdottir mam 3:1 an der 88. Minutt gesuergt. Um Enn huet Lyon d’Finall géint Wolfsburg mat 3:1 gewonnen. Et ass déi 5. Victoire hannerenee fir de Veräin aus Frankräich an déi 7. am Ganzen, esou dacks huet nach keng aner Ekipp am Dammefuttball d’Champions League gewonnen.