D’Lëtzebuerger Nationalekipp spillt Enn Mäerz dee wichtegste Match vun der Lëtzebuerger Sportgeschicht a Georgien. Fir esou vill Supporter wéi méiglech bequeem a séier op Tiflis ze kréien, hat d’FLF en Chartervol organiséiert. Dësen ass jo aus deene bekannte Grënn ausgefall. Déi zwee Fanclibb vun der Lëtzebuerger Nationalekipp hu sech elo anescht organiséiert, fir an Georgien ze fléien.
523 Euro hunn d’"Compadres” fir de Fluch bezuelt. En Ticket fir den Chartervol vun der FLF hätt 495 EUR kascht, mam Ticket inclus. Den M-Block hat esouguer versicht, selwer en Chartervol op d’Been ze setzen. Herno ass dëse Projet awer um Budget gescheitert. “D’Chartervolle sinn extrem deier. 100.000 Euro si gefrot. Dëse Montant muss direkt bezuelt ginn an déi kruten mir net direkt zesummen. Dowéinst ass den Chartervol näischt ginn”, sot de Bob Gebele.
D’Supporter maachen et elo wéi ëmmer. Op eege Fauscht, iwwer verschidden Transitweeër ureesen, fir de Match net ze verpassen, mat der Hoffnung mat Zäiten unzekommen. Wéinst der enger oder anerer Streikmanifestatioun bei den auslännesche Fluchgesellschaften hu verschidde Passagéier an der lescht misse feststellen, dass kee Vol garantéiert ass. Dowéinst wier en Chartervol scho praktesch gewiescht. “Da wiere mir ouni ëmzesteigen direkt vun hei a Georgien geflunn. Mir wieren och sécher gewiescht, dass de Fliger flitt. Mir fléien iwwer Paräis, jidderee weess, wat do momentan lass ass. Mam Charter wier et scho méi einfach gewiescht”, esou de Raymond François vum Fanclub “Compadres Tridefa”.
170 Leit hätt d’FLF fir den Chartervol missen zesummekréien. Déi hate sech och gemellt, 100 vun hinnen awer just bezuelt an dowéinst hat d’Futtballfederatioun keen anere Choix, wéi de Vol ze annuléieren. De Bob Gebele kann dat verstoen: “Ech hunn och scho Reesen organiséiert, fir en Auswäertsmatch kucken ze goen an et ass net flott, wann een de Leit muss nolafen, fir d’Suen ze kréien. Bei dësem Montant geet kee Mënsch dëse Risiko an”.
D’Futtballnationalekipp spillt de Match a Georgien den 21. Mäerz um 18 Auer (eiser Zäit).