Enn Mäerz spillt d’Futtballnationalekipp dee wichtegste Match an hirer Geschicht. Wann d’Rout Léiwe sech zu Tiflis a Georgien géifen duerchsetzen, géife si e puer Deeg drop an der Finall vun der Nations League am Stade de Luxembourg ëm eng direkt Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft an Däitschland spillen. Fir d’Ënnerstëtzung ze garantéieren, hat d’FLF en Charter-Vol organiséiert, fir Supporter bequeem a Georgien ze fléien.
Am Futtball gëtt jo dacks vum zwielefte Mann geschwat. Dee sëtzt oder steet op den Tribünen a feiert seng Ekipp un. Et gouf dann och eng Méiglechkeet, dass fir dëse wichtege Match vun der FLF-Selektioun a Georgien méiglechst vill Fans sur place sinn. D’Futtballfederatioun hat mat der Luxair en Charter-Vol organiséiert. D’Virfreed war grouss, ma um Enn och d’Enttäuschung, wéi d’Annulatioun koum. 170 Plaze ware virgesinn, déi och all reservéiert waren, ma um Enn hunn awer just 100 Leit hiren Ticket bezuelt. Dowéinst gouf de Choix geholl, de Vol ofzesoen.
Et koume Reprochen op, dass d’FLF sech falsch ugeluecht hätt, fir dat Ganzt op d’Been ze stellen. En Acompte ass proposéiert ginn, awer deen hätt am Endeffekt och näischt bruecht, well just déi Leit bezuelt hätten, déi direkt de volle Betrag iwwerwisen hunn.
Mam Vol hätt ee kënnen eng super Ambiance vu Lëtzebuerg eriwwer a Georgien transportéieren an dofir bedauert d’FLF, dass een dës Decisioun huet missen huelen.
D’Reaktioun vun der Futtballfederatioun a vum Fanclub “Compadres Tridefa” gesitt Dir am Reportage.