Australian OpenMadison Keys gewënnt hiren éischte Grand-Slam-Titel

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie gouf bei den Australian Open d'Finall vun den Damme gespillt. Hei stounge sech d'Aryna Sabalenka an d'Madison Keys géigeniwwer.
© Martin Keep / AFP

D‘Spillerin aus Belarus Aryna Sabalenka war déi grouss Favoritin, si ass d‘Nummer 1 vun der Welt an Titelverdeedegerin, iwwerdeems d’US-Amerikanerin Madison Keys endlech hiren éischte Grand Slam gewanne wollt. D’Madison Keys huet dann och am éischte Saz richteg gudden Tennis gespillt an huet dëse mat 6:3 fir sech entscheet.

D’Australian-Open-Gewënnerin vun 2023 an 2024 huet sech awer an de Match zeréckgekämpft an huet den zweete Saz mat 6:2 fir sech entscheet. Eng Decisioun sollt also eréischt am 3. an decisive Saz falen an an deem blouf et spannend bis zum Schluss. D’Madison Keys huet dëse mat 7:5 gewonnen an domat och hiren éischte Grand-Slam-Titel an hirer Karriär.

Back to Top
CIM LOGO