
1. FC Union Berlin - FSV Mainz 05 4:0
1:0 Kruse (13'), 2:0 Ingvartsen (49'), 3:0 Friedrich (63'), 4:0 Pohjanpalo (64')
Ënnert dem neien Trainer Jan-Moritz Lichte gouf et e Freideg den Owend beim Optakt vum 3. Spilldag an der Bundesliga eng 0:4-Néierlag fir den FSV Mainz 05. De Leandro Barreiro souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
Schonn an der 13. Minutt sinn d’Haushären an der Partie a Féierung gaangen. No enger Pass vum Andrich op de Becker, huet dësen eng schéi Flank vun der Grondlinn aus op den zweete Potto bruecht. Hei stoung de Kruse genee richteg an huet dat ronnt Lieder aus 6 Meter mam Kapp eragesat. 1:0 fir Union. No der Féierung haten déi Berliner méi vum Match an esou ware si dem 2:0 an der éischter Hallschent däitlech méi no wéi déi Mainzer. An de leschte Minutte virun der Paus sinn d’Gäscht dunn e bësse besser an de Match komm an hunn och emol offensiv eppes probéiert. E Gol sollt awer net méi falen, sou datt et mam 1:0 fir d’Ekipp vum Urs Fischer an d’Paus gaangen.
Union Berlin ass mat breeder Broscht an déi zweet Hallschent gaangen, Mainz dogéint huet schonn am Spillopbau ee veronsécherten Androck gemaach. Laang huet et dann och net gedauert, bis et nees am Gol vun de Gäscht gerabbelt huet. Déi Mainzer stounge vum Géigner einfach ze wäit ewech, sou datt den Trimmel mat ganz vill Plaz eng Flank an de Strofraum konnt maachen an do war et den Ingvartsen, deen an der 49. Minutt op 2:0 gesat huet. De Mwene hat säi Géigner komplett aus den Aen verluer. An der 63. Minutt ass dunn d’Virentscheedung gefall. De Friedrich huet no engem Fräistouss vum Trimmel de Ball mam Kapp eragesat an de Score op 3:0 gesat. Nëmmen eng Minutt méi spéit ass et du nach méi batter fir d’Gäscht komm. De Pohjanpalo huet op 4:0 erhéicht. Um Enn sollt dat och d’Schlussresultat sinn.
Union kann zefridde mam Resultat a mat der Leeschtung e Freideg den Owend sinn. Bei Mainz gesäit et dogéint ganz anescht aus an et war alles anescht wéi e gegléckten éischte Match fir den neien Trainer.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
PSG - SCO Angers 6:1
1:0 Florenzi (7'), 2:0 Neymar (36'), 3:0 Neymar (48'), 3:1 Traoré (52'), 4:1 Draxler (57'), 5:1 Gueye (71'), 6:1 Mbappé (84')
Keng Problemer hat e Freideg den Owend de PSG an der Partie géint Angers. No 90 Minutte gouf et eng kloer 6:1-Victoire fir de franséische Champion.