Drëtt Hallschent, de Sport-TalkMam Frank Bourgnon iwwert seng Erliefnisser als Arbitter

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch ass de Frank Bourgnon Invité an eisem Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".
© RTL

De Frank Bourgnon ass ee vun deene beschte Lëtzebuerger Futtballarbitteren. Dës Woch ass hien Invité an eisem Podcast “Drëtt Hallschent de Sporttalk”.

Et ass jo kee Secret, datt de Frank Bourgnon gäre laang nospille léisst. Fir de fréiere Spiller huet dat dann och e gudde Grond, seet de Concernéierten:

“Ech hat als Spiller eppes net gär, fréier hate mer och nach just ee Ball, dann ass deen erëm ausgaangen, dann huet et erëm laang gedauert bis en erbäi komm ass, an dann huet en Arbitter just 2-3 Minutten nospille gelooss. Ech loossen déi Zäit nospillen, déi verluer geet.”

2008, also virun ronn 13 Joer huet de Frank Bourgnon säin 1. Match an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball gepaff. Et huet sech séier erausgestallt, datt hien ee vun de beschte Männer mat der Päif am Land war. E gouf awer ni vun der Arbitterkommissioun vun der FLF virgeschloen, fir FIFA-Arbitter ze ginn:

“Do wëll ech net dra wulle goen. Ech sinn der Meenung, datt ech deemools den Niveau hat, aner Konkurrenten och.”

Och wann de Frank Bourgnon de Match selwer net gepaff hat, gouf et eng diskutabel Situatioun am Match Munneref-Hesper, an deem de Spiller vum Swift Tom Schnell de Ball mat der Hand eragesat soll hunn:

“Ech hunn d’Biller gekuckt an ech hunn et net kloer gesinn. Et war esou kuerz Distanz, et war am Gewulls. Ech weess och net, ob ech et als Arbitter gesinn hätt, ech hunn d’Kolleege verteidegt. Mir hu kee VAR, mir hu keng Hëllefsmëttel. En Arbitter kann net alles gesinn.”

De 47 Joer ale Frank Bourgnon huet absolut kee Versteesdemech, datt de Manuel Gräfe, Arbitter an Däitschland, dee genee esou al ass wéi hien, elo altersbedéngt net méi an der Bundesliga däerf päifen. An den Aen vum Lëtzebuerger Arbitter muss een esou laang päifen däerfen, wéi een d’Sportstester packt an d’Leeschtung stëmmt.

Dës Woch ass de Frank Bourgnon Invité an eisem Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk”.

All d’Episode vun “Drëtt Hallschent” fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO