
En Donneschdeg gouf d’Konventioun tëscht dem Sport -a Finanzministère a Munneref am Gemengerot unanime gestëmmt. Lo muss d’Finanzement just nach duerch d’Chamber.
De Buergermeeschter hofft a rechent domat, datt d’nächst Joer ëm dës Zäit déi éischt Baggere rullen. 3 Joer drop, dat heescht 2026 soll dann den éischte Vëlo am neien nationale Vëlodrom fueren. Direkt donieft kënnt och nach eng Schwämm, eng Sportshal an dat neit Gebai fir de Munnerefer Lycée.
Dee ganze Projet kascht ronn 115,3 Milliounen Euro, dovun iwwerhëlt d’Gemeng Munneref ronn 32,1 Milliounen. D’Gemeng ass Bauhär vum Vëlodrom, duerno keeft de Sportsministère déi Infrastruktur awer nees of a gëtt da Besëtzer dovun.