EM am DressurreidenMam Nicolas Wagner an dem Fie Christine Skarsoe sinn och 2 Lëtzebuerger derbäi

RTL Lëtzebuerg
Den Ament ass zu Crozet a Frankräich d'Europameeschterschaft am Dressurreiden amgaangen.

Nom éischten Dag kënnt d‘Fie Christine Skarsoe mam Imperador Dos Cedros mat 69.922 Punkten op déi 26. Plaz an den Nicolas Wagner mam Quater Back Junior an 68.882 Punkten op déi 30. Plaz..

Déi 30 Bescht si weider komm. Am nächsten Tour geet et schonns ëm Eeenzelmedailen. 62 Reider waren ageschriwwen.

Par équipe ass d’Goldmedail fir 26. Kéier un Däitschland gaangen. D’Isabell Werth a Co. hu sech knapp mat 229,644 Prozentpunkte virum Titelverdeedeger aus Groussbritannien (226,785) behaapt. Bronze ass un Dänemark (223,385) gaangen.

Back to Top
CIM LOGO