
Mam Futtballspiller vun der Fola schwätze mir iwwert de Championstitel, deen e Sonndeg mat enger 3:0-Victoire op der Jeunesse gefeiert gouf.
Donieft geet et och ëm säi Récktrëtt aus der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp, deen hien d’lescht Woch annoncéiert huet.
De Stefano Bensi huet a 54 Matcher 5 Goler fir d’FLF-Formatioun geschoss.
An och d’Thema vu schwéiere Blessuren an ëmsou méi staark “Comebacken” kënnt net ze kuerz.
Dës Woch ass de Futtballer eisen Invité am Podcast “Drëtt Hallschent, de Sport-Talk”.
