
An den internationalen Top-Divisiounen am Futtball koum et an England zum Duell tëscht Manchester City an dem FC Chelsea.
Tottenham konnt sech iwwerdeems eng 3:2-Victoire beim Debut vum José Mourinho sécheren.
West Ham Utd. - Tottenham 2:3
0:1 Son (36'), 0:2 Lucas (43'), 0:3 Kane (49'), 1:3 Antonio (73'), 2:3 Ogbonna (90'+6)
Beim éischten Optrëtt ënnert dem neien Trainer, dem José Mourinho, war Tottenham besser an de Match koum. Nodeems de Son an der 36. d’Féierung markéiere konnt, war et nach virun der Paus de Lucas, deen no enger Virlag vum Son op 2:0 fir d’Gäscht stelle konnt. Wéi de Kane an der 49. Minutt dann nach een drop setze konnt, hat de Favorit vun Tottenham scho wéi de séchere Vainqueur ausgesinn. D’Lokalekipp hat sech awer nach net opginn, a sou konnt den Antonio an der 73. Minutt op 1:3 verkierzen. An der Nospillzäit war dem Ogbonna allerdéngs just nach den Uschloss gelongen a sou gouf et fir de Mourinho zum Optakt eng 3:2-Victoire.
Manchester City - FC Chelsea 2:1
0:1 Kanté (21'), 1:1 De Bruyne (29'), 2:1 Mahrez (37')
Am Spëtzematch vun der englescher Premier League hat Manchester City den FC Chelsea op Besuch. Hei waren et d’Gäscht, déi duerch den N’Golo Kanté markéiere konnten. Fir béid Formatioune goung et ëm wichteg Punkte fir d’Qualifikatioun fir d’Champions League.
An der 29. Minutt war et de Kevin De Bruyne, deen den Ausgläich markéiere konnt, éiert de Mahrez mat enger super Eenzelleeschtung nach an der éischter Hallschent de Schlusspunkt setze konnt.
Leganes - Barcelona 1:2
1:0 En-Nesyri (12'), 1:1 Suarez (53'), 1:2 Vidal (79')
Leganes war et an der Ufanksphas gelongen, de grousse Favorit aus Barcelona um falsche Fouss ze erwëschen. An der 12. Minutt war et dem En-Nesyri gelongen, déi iwwerraschend Féierung ze markéieren. Barcelona hat bis zur 2. Hallschent gebraucht, fir de Score erëm auszegläichen. An der 53. Minutt konnt de Suarez eng Virlag vum Messi am Gol ënnerbréngen. Den entscheedende Gol war dem Arturo Vidal an der 79. Minutt gelongen. Soumat steet Barcelona un der Spëtzt vum spuenesche Championnat.
Real Madrid - Real Sociedad 3:1
0:1 da Silva (2'), 1:1 Benzema (37'), 2:1 Valverde (47'), 3:1 Modric (74')
Nodeems Barcelona virgeluecht hat, goung et fir Real Madrid, drëms, fir mat de Punkten erëm mam gréisste Konkurrent gläichzezéien. Ma si goufen awer fréi am Match, an der 2. Minutt kal erwächt, dëst well den da Silva Real Sociedad a Féierung brénge konnt. Nach virun der Paus konnt de Benzema allerdéngs nach ausgläichen, éier de Valverde kuerz nom Säitewiessel de Match dréine konnt. Fir de Schlusspunkt konnt de Modric an der 74. Minutt suergen, a soumat bleiwe souwuel Barcelona ewéi och Real Madrid un der Spëtzt vum spuenesche Championnat.
Atalanta - Juventus Turin 1:3
1:0 Gosens (56'), 1:1 Higuain (74'), 1:2 Higuain (82'), 1:3 Dybala (90'+2)
Nodeems de Barrow fir Atalanta an der 18. Minutt aus eelef Meter net markéiere konnt, war et an der 56. Minutt de Gosens, deen d’Lokalekipp a Féierung brénge konnt. Juventus hat bis an d’Schlussphas gebraucht, éiert si reagéiere konnten. Den Higuain konnt de Match duerch seng Goler an der 74. an an der 82. Minutt dréinen, éiert den Dybala an der Nospillzäit fir d’Entscheedung suerge konnt.
Lyon - Nizza 2:1
1:0 Reine Adelaide (10'), 2:0 Dembélé (28'), 1:2 Dolberg (78')
Fir Lyon war eng Victoire ee Muss, wa si sech op den europäesche Plaze wéilte festsetzen. Déi éischt Hallschent war och kloer fir d’Haushären. An der 10. Minutt konnt de Reine-Adelaide d’Féierung markéieren, éiert den Dembélé aus 11 Meter op 2:0 stelle konnt. Nodeems de Marcal an der 34. Minutt déi rout Kaart gewise krut, konnt den Dolberg de Match an der 78. Minutt nach eng Kéier spannend gestallten. Nodeems de Burner dann och huet misse fréizäiteg dusche goen, hat sech um Score bis zum Enn näischt méi geännert.