SupercupManchester City setzt sech am Eelefmeterschéisse géint Liverpool duerch

RTL Lëtzebuerg
Borussia Dortmund hat sech e Samschdeg den Owend mat 2:0 géint den Doublégewënner Bayern München duerchgesat.
© AFP (Archiv)

Um Sonndeg stoung an England de Community Shield um Programm, wou den FC Liverpool et mat Manchester City ze dinn hat. Fréi am Match, no nëmmen 10 Minutten, gouf et eng Schrecksekonn fir de Leroy Sané op Säite vu Manchester City. Den däitschen Nationalspiller huet missen ausgewiesselt ginn, well hie sech de Knéi verdréint hat. An der 12. Minutt war et de Raheem Sterling, dee seng Faarwen a Féierung brénge konnt. Et hat duerno bis zur 77. Minutt gedauert, éiert de Joel Matip fir d’"Reds” ausgläiche konnt. Nodeems keng Ekipp markéiere konnt, goung et an d’Eelefmeterschéissen. Hei war et den Georginio Wijnaldum, dee säin Eelefmeter net verwandele konnt. Fir Manchester City hat all Spiller getraff a sou war et de Gabriel Jesus, deen den entscheedende Versuch verwandele konnt. Domadder ka sech Manchester City iwwert deen éischten Titel an dëser Saison freeën.

E Samschdeg den Owend gouf an Däitschland deen éischten Titel an der neier Futtballsaison verdeelt. Am Supercup stounge sech zu Dortmund de Vizechampion Borussia Dortmund an de Champion a Coupegewënner Bayern München géigeniwwer. Nodeems et mat engem 0:0 an d’Paus gaange war, huet de BVB an der zweeter Hallschent seng Chancë besser genotzt a sech verdéngt mat 2:0 duerchgesat. An der 48. Minutt hat den Alcacer aus 16 Meter den 1:0 geschoss. De Sancho, deen deen éischte Gol virbereet hat, huet dunn an der 69. Minutt selwer getraff an op 2:0 erhéicht. Dem FCB ass keng Reaktioun méi gegléckt, sou datt de Lucien Favres mat senger Ekipp deen éischten Titel vun der Saison ka feieren.

De 16. August start Bayern München an déi nei Bundesliga-Saison. Den däitsche Rekordchampion huet hei Hertha BSC Berlin op Besuch. Den Dag drop spillt Borussia Dortmund géint Augsburg.

A Frankräich huet Paris Saint-Germain e Samschdeg den Owend fir d'9. Kéier a fir 7. Kéier noeneen de Supercup gewonnen. D’Ekipp vum Thomas Tuchel huet sech géint Stade Rennes schwéier gedoen, ma konnt sech no den 90 Minutten awer mat 2:1 duerchsetzen. De Coupegewënner war an der 13. Minutt duerch e Gol vum Hunou mat 1:0 a Féierung gaangen. De franséische Champion konnt duerch Goler vum Mbappé an der 57. Minutt an dem di Maria an der 73. Minutt de Match awer nach dréinen an huet sech no der Néierlag an der Coupefinall net nach eng Kéier vum Underdog aus der Bretagne iwwerrasche gelooss. De franséische Supercup gouf zu Shenzhen a China gespillt.

De PSG start den 11. August mat engem Heemmatch géint Olympique Nîmes an déi nei Ligue-1-Saison.

Back to Top
CIM LOGO