Internationale FuttballManCity wënnt den Derby géint ManU, Leverkusen baut Virsprong aus

RTL Lëtzebuerg
An England huet City d'Partie géint United gedréint an um Enn nach gewonnen. Duerch eng Victoire zu Köln huet Leverkusen elo 10 Punkte Virsprong op Bayern.
© afp

Donieft huet Bremen zu Hoffenheim verluer.

A Spuenien konnt sech Atletico Madrid géint Betis Sevilla duerchsetzen an déi 4. Plaz verdeedegen.

Bundesliga

Köln - Leverkusen 0:2
0:1 Frimpong (38'), 0:2 Grimaldo (73')

Zu Köln war d’Heemekipp an den éischten 12 Minutte richteg gutt am Match an hat och eng gutt Chance op den éischte Gol. An der 15. Minutt krut den Thielmann awer déi rout Kaart no engem Feeler vun hanne gewisen a Köln huet de Rescht vum Match an Ënnerzuel misse spillen. Et war eng Partie mat ville klenge Feeler an där et bis an déi 38. Minutt gedauert huet, éier de Frimpong den 1:0 fir Leverkusen konnt markéieren. No der Paus war et nees Köln déi eng déck Chance op den Ausgläich haten. Den Adamyan huet awer just de Potto getraff. Leverkusen huet an der Suite net méi gemaach wéi néideg an de Grimaldo huet an der 73. Minutt fir den 2:0 gesuergt. D’Heemekipp konnt näischt méi dogéint setzen an huet an Ënnerzuel 0:2 verluer. Duerch den 2:2-Remis vu Bayern um Freideg, huet Leverkusen elo 10 Punkten Avance op de Rival aus dem Süden.

Hoffenheim - Werder Bremen 2:1
1:0 Beier (8'), 2:0 Beier (44'), 2:1 Alvero (90+2')

Hoffenheim war am Match géint Bremen direkt waakreg an huet den 1:0 markéiert. Bremen hat och méi kleng Geleeënheeten, d’Heemekipp war awer méi effizient. Kuerz virun der Paus huet de Beier den zweete Gol markéiert. No der Paus war et weiderhin e Match op Aenhéicht, mee bis an d’Nospillzäit sollte keng Goler méi falen. Bremen huet zum Schluss an Iwwerzuel alles probéiert. Den Alvero sollt awer just nach den 1:2 aus Bremer Siicht markéieren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Manchester City - Manchester United 3:1
0:1 Rashford (8'), 1:1 Foden (56'), 2:1 Foden (80'), 3:1 Haaland (90+1')

Am Derby zu Manchester war et iwwerraschend United, déi am Ufank den Toun uginn hunn. De Rashford huet United dann och mat 1:0 vir bruecht. Dono war et awer just nach City déi offensiv stattfonnt hunn. Dass et an der Paus net 1:1 stoung, louch och um Haaland, deen an der 45. Minutt aus puer Meter iwwer den eidele Gol geschoss huet. No der Paus war et nach ëmmer d’Ekipp vum Pep Guardiola, déi dominéiert huet. De Foden huet dann och de Match verdéngt mat 2 Goler gedréint. An der Nospillzäit gouf et och en Happy End fir den Haaland. Mat sengem Gol huet hie fir d'3:1-Schlussresultat gesuergt. Duerch dës Victoire bleift City an der Tabell 1 Punkt hannert dem Tabelleleader Liverpool.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Toulouse - Nice 2:1
0:1 Moffi (8'), 1:1 Dallinga (65'), 2:1 Gboho (69')

Nice ass gutt an d’Partie zu Toulouse erakomm a konnt no 8 Minutten duerch de Moffi a Féierung goen. Obwuel d’Heemekipp fréi hanne war, war et en equilibréierte Match an deem béid Ekippen eng Rei vu Chancen haten. Et ass mam 0:1 aus Siicht vun Toulouse an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel war et weiderhin eng ausgeglache Partie bis d’Heemekipp tëschent der 65. an der 69. Minutt de Match komplett gedréint huet. D’Gäscht ware geschockt a si réischt 10 Minutte virum Enn vun der Partie nees an de Match komm. Obwuel Nice nach déi eng oder aner Chance hat, sollt et bei der knapper Defaite bleiwen. Nice bleift domadder op der 5. Plaz, mat enger Victoire hätt ee kéinten op déi 3. Plaz no vir sprangen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atletico Madrid - Betis Sevilla 2:1
1:0 Silva (8'), 2:0 Morata (44'), 2:1 Carvalho (64')

Am Duell tëschent dem 4. an dem 6. an der Tabell huet de Favorit an der 1. Hallschent gutt an de Match fonnt. Betis konnt net dogéint halen a louch an der Paus 0:2 hannen. Nom Säitewiessel sinn d’Gäscht awer méi staark ginn a wollten nach Punkte mat Heem huelen. Nom Uschlossgol an der 64. Minutt sollt awer näischt méi passéieren. Béid Ekippe bleiwen an der Tabell op der selwechter Plaz, Atletico huet den Ofstand op Plaz 6 op 13 Punkten eropgeschrauft.

Mallorca - Girona 1:0
1:0 Copete (33')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO