Den 41 Joer ale Manthos Poulinakis ass op der Generalversammlung vun deene Schwaarz-Wäissen als Successeur vum Jean Cazzaro gewielt ginn. An dee Mann, deen d’lafend Geschäfter fir den neie President op der Grenz iwwerhëlt, ass de Panos Katsaitis. De Poulinakis war schonn am internationalen Futtball a Veräiner engagéiert, awer all Kéier just kuerz.
Et war ze héieren, datt d’Griichen an der drëtter Divisioun an der Belsch gewiescht wären an och an der drëtter Divisioun an Italien, awer no kuerzer Zäit hiert Engagement nees opginn hätten. Op d’mannst dat an der Belsch wär eng Fake-News, esou de Panos Katsaitis, neien zweete Vizepresident vun der Jeunesse, deen zënter 30 Joer professionell am Futtball schaff:
“An der Belsch hate mer keng Ekipp. An Italien war et Rieti, mir sinn am Summer komm. Et ware keng Spiller do. Si waren aus der Amateurliga opgestigen an d’professionell Liga. An engem Mount hu mer eng Ekipp zesummegestallt, an am Dezember stounge mer an der Mëtt vun der Tabell. Du koum awer den ale Proprietär zeréck an hie sot, hien hätt e Feeler gemaach a wéilt de Club nees iwwerhuelen.”
Och wat d’Zesummesetzung vun der 1. Ekipp ugeet, hunn d’Griichen eng kloer Virstellung:
“Mir hätte gär e gudde Mix, ma an Zuelen wéilte mer 30 Prozent vun de Spiller aus eiser eegener Akademie a mir wëllen och 30 Prozent vun eise Spiller, datt se an der Lëtzebuerger Nationalekipp spillen, well et fir eis als Jeunesse wichteg ass, datt mer Spiller aus der Nationalequipe hunn.”
Et soll op jidferfall kee kuerze Sirtaki-Intermezzo ginn. Et wär schonn virgesinn, fir an der drëtter Hallschent, méi laang griichesche Wäin op der Grenz ze kréien.