BundesligaManuel Baum gëtt neien Trainer vu Schalke 04, Naldo Assistent

RTL Lëtzebuerg
3 Deeg no der Entloossung vum David Wagner als Cheftrainer vum FC Schalke, gouf elo en neien Trainer fonnt, dat a Persoun vum Manuel Baum.

Co-Trainer gëtt den Naldo, dee laang fir Schalke gespillt huet. Offiziell virgestallt gëtt den Duo am Laf vum Mëttwoch de Mëtteg. Hie soll um Mëttwoch den Owend schonn den éischten Training halen.

Den 41 Joer ale Manuel Baum war iwwer 3 Joer Cheftrainer beim FC Augsburg, huet duerno zanter dem Summer 2019 déi däitsch U-20 an duerno d’U-18-Nationalekipp betreit.

Back to Top
CIM LOGO