Drëtt Hallschent, de Sport-TalkMarie Schreiber: "Éier fir mech, fir mäi Land am Championstricot ze vertrieden"

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch ass d'Marie Schreiber Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

Dës Woch ass d’Marie Schreiber, d’Invitée an der “Drëtter Hallschent”. Op der Cyclocross-EM ass si virun e puer Wochen bei der U23 op déi 2. Plaz komm. Elo steet den éischte Weltcup virun der Dier. Fir déi éischte Kéier, ass d’Marie Schreiber och Championne bei der Elite op der Strooss ginn. Wat dëse Succès fir déi 21 Joer al Athletin bedeit, dat gëtt een och am Podcast gewuer. Beim Rich Simon kuckt d’Lëtzebuerger Championne op déi leschte Wochen a Méint zeréck an natierlech och no vir. D’Marie Schreiber erzielt ënnert anerem awer och nach, wat de Reiz vu Gravel-Courssë ausmécht.

Dës Woch ass d’Marie Schreiber Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

De komplette Podcast fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO